GesondheetsministeschDe Beruff vum Aide-Soignant bleift bestoen

RTL Lëtzebuerg
Dat versécheren d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiounsminister Claude Meisch op am Ganzen 3 parlamentaresch Froen zu deem Theema.

No Aussoe vu Vertrieder vun der Associatioun vun den Aide-Soignanten an der Press wollten d’CSV-Deputéiert Martine Hansen, d’ADR-Deputéiert Fred Keup a Jeff Engelen an den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo ënnert anerem vun de Ministere wëssen, ob et de Beruff an Zukunft nach wäert ginn, ob eventuell d’Attributiounen ugepasst géinge ginn a wat géing gemaach ginn, fir de Beruff méi attraktiv ze maachen.

D’Attributioune vun den Aide-soignante wieren an engem Projet aktualiséiert ginn, heescht et an den Äntwerten, un der Formatioun géing sech awer näischt änneren. Fir méi Leit fir den Aide-soignantsberuff an aner Gesondheetsberuffer ze begeeschteren, géing zanter September eng Campagne mam Numm “Healthcareers.lu” lafen.

Back to Top
CIM LOGO