
Et geet ëm Gesetzer, déi am Interêt vun de britesche Bierger sinn, déi hei am Land wunnen . Am Fall vun engem No-Deal wäert e Gesetz déi Leit, déi virum 30. Mäerz entweder vun engem Revenue fir schwéier handicapéiert Leit oder vum Revis profitéieren, dat Rescht och weider garantéieren. E weidert Gesetz viséiert d'britesch Matbierger déi an der Fonction publique schaffen. Concernéiert si ronn 45 Persounen, wouvun de Gros am Enseignement schafft. Gëtt et keen Accord mat Groussbritannien gesäit de Gesetzestext fir datt och déi Leit aus der Fonction publique hir Rechter behalen.
Am drëtte Projet de Loi am Kontext vum Brexit goung et en Dënschdeg ëm d'Stabilitéit an de gudde Fonctionnement vum Finanzsecteur. Den DP Rapporteur André Bauler erkläert, wat an deem Fall changéiere wäert: "D'Commission de surveillance du secteur financier an de Commissariat d'assurance kréien d'Méiglechkeet, den aktuelle Statut vun de britesche Finanzinstituter, déi Kontrakter zu Lëtzebuerg lafen hunn, bis maximal 21 Méint ze verlängeren."
Viséiert wieren domat 3 Mesuren, huet de Finanzminister Pierre Gramegna ënnerstrach: d'Stabilitéit vun de Finanzen, d'Credibilitéit vun eiser Finanzplaz an d'Protektioun vun den Deposanten. Wat d'Fongenindustrie ubelaangt, ass Lëtzebuerg weltwäit deen zweetwichtegsten Acteur, sou dass d'Clienten also musse protegéiert ginn.
Déi 3 Gesetzestexter déi en Dënschdeg um Krautmaart gestëmmt goufen, sinn allerdéngs alles Texter, bei deenen een net weess, ob se iwwerhaapt jee a Kraaft triede wäerten. Do bleift et elo ofzewaarden, wéi et a Punkto Brexit viru geet.