
Den aktuelle Beetebuerger CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet ass Spëtzekandidat fir seng Partei bei de Gemengewalen am Juni. Dat deelt d'CSV Beetebuerg de Moie per Communiqué mat.
Op der Lëscht si 7 Fraen an 8 Männer, 5 Leit sinn aktuell am Gemengerot, iwwerdeems 7 Persoune fir d'éischte Kéier mat an d'Wale ginn an d'Altersmoyenne läit bei 43 Joer. Aktuell ass zu Beetebuerg eng CSV-gréng-DP-Koalitioun an der Verantwortung.