
D’Iechternacher CSV-Sektioun dréckt dem Yves Wengler no senger Decisioun hire Merci aus a schwätzt vun enger aussergewéinlecher Aarbecht, déi de laangjärege Gemengepapp am Déngscht vun der Gemeng déi lescht 3 Joerzéngte geleescht hätt. 2015 hat den Yves Wengler de Buergermeeschterposte vum Théo Thiry iwwerholl. Bei de Walen am Juni du war hien hannert dem Ricardo Marques op der zweeter Plaz gelant.
Nieft senger Charge als Iechternacher Buergermeeschter war den CSV-Politiker iwwer 20 Joer laang de President vum Gemengesyndikat SIGI, wouvunner hien Ugangs vum Joer demissionéiert hat, nodeems et zolidd intern Turbulenze goufen.
D’Iechternacher CSV setzt no de Gemengewale mat 3 Conseilleren an der Oppositioun, dëst sinn de Ricardo Marques, d’Tania Rocha an eben den Hugo Pereira.
Geleet gëtt d’Gemeng ënnert der neier DP-Buergermeeschtesch Carole Hartmann an enger Koalitioun mat der LSAP.