
De Cercle de Coopération huet an deem Kontext eng ganz Partie Froen.
Lëtzebuerg steet am internationale Verglach gutt do mat 1 Prozent vum Revenu national brut (RNB), deen an d’Kooperatiounspolitik investéiert gëtt. “Mir froen eis, ob dat esou bleift”, betount de Sebastian Weier vum Cercle de Coopération, dem Daachverband vun den ONGen am Beräich vun der Entwécklung. D’Suerg kéim dohier, dass de Budget an anere Beräicher, wéi zum Beispill der Defense, wäert an Zukunft erhéicht ginn.
Doriwwer eraus hofft een och, dass Lëtzebuerg net op déi Schinn geet wéi aner Länner, déi verschidden Depensë fir d’Kooperatioun anescht comptabiliséieren. E Rechentrick wier zum Beispill mam Kooperatiounsbudget Projeten am Beräich vum Klimaschutz an an der interner Refugiéespolitik ze finanzéieren. Domat géing en Deel vum Budget fir d’Kooperatioun am Land bleiwen, wat den internationale Reegelen no esouguer erlaabt wier. Bis elo wier dat hei awer net de Fall gewiescht.
“De Privatsecteur gëtt ëmmer méi no vir gestallt als wichtege Partner an der Kooperatioun. An effektiv kann en och vill maachen”, ënnersträicht de Sebastian Weier. Dëst bräicht awer en Encadrement, dee Lëtzebuerg zwar scho géing maachen, mee et misst méi passéieren. Dofir fuerdert de Cercle de Coopération, wéi och aner Acteuren aus dem Secteur hei e Liwwerkettegesetz, wat dofir suergt, dass d’Mënscherechter an den Ëmweltschutz op der Plaz respektéiert misste ginn. Et hätt een awer d’Impressioun, dass d’Regierung munchmol géing éischter hëllefen, Objektiver z’erreechen, déi dem Privatsecteur gutt dinn an net ëmmer onbedéngt deem éischten Zil vun der Kooperatioun, wat d’Eradicatioun vun der Aarmut wär, mengt de Sebastian Weier.
E Kritikpunkt kéint da ganz speziell op Lëtzebuerg bezu ginn a concernéiert de Finanzsecteur. Lëtzebuerg géing ëmmer nach vill Steierflucht unzéien, soudass vill wichteg Finanzmëttel, och aus méi aarme Länner wéi Afrika, géingen am Kader vu Steieroptimiséierung aus dem Land ofgezu ginn, erkläert de Sebastian Weier. Dës géingen dann natierlech sur Place am Staatsbudget feelen, wann et ëm sanitär oder aner wichteg Projete géing goen. Projeten, déi op där anerer Säit da géinge vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ënnerstëtzt ginn. “Dat heescht, do ass e Beispill fir Inkoherenz an der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik”, betount de Responsabele fir den nationale Plaidoyer beim Cercle de Coopératioion.
Weider Froen, déi de Secteur vun den ONGe beschäftegen, sinn déi ëm d’Zukunft vun der Sahelzon a vu Palästina. A wien déi nei Partnerlänner an der Kooperatioun wäerte sinn.
De Bléck op d’Kooperatiounspolitik vun der Europäescher Unioun stëmmt d’ONGen am Beräich vun der Entwécklung net positiv. An de leschte Joren observéiert een an der europäescher Kooperatiounspolitik eng Réi Developpementer, wou Finanzmëttel a Projeten, déi drop aus waren, deenen Äermsten ze hëllefen, ëmverdeelt ginn. D’Kooperatioun, respektiv en Ausloosse vun dëser géing souzesoen als Drockmëttel genotzt ginn, fir Migratiounsstréim ze blockéieren oder Entreprisen ze hëllefen, Geschäfter ze maachen. Dobäi misst dat iewescht Zil ëmmer bleiwen, deenen Äermsten ze hëllefen. “A wann et dann um Schluss nëmmen nach da gemaach gëtt, fir Geschäfter ze maachen, dann ass dat keng richteg Kooperatiounshëllef, mee méi eng Zort vun indirekt Subventioune fir dee Commerce”, betount de Sebastian Weier.
Lëtzebuerg hätt eng Stëmm an Europa a géing grad wéinst senger europäescher Ausriichtung a senger europäescher Geschicht gehéiert ginn. Dofir kéint d’Land säi Gewiicht geltend maachen. Déi europäesch Kooperatiounspolitik misst weider drop ausgeriicht bleiwen, solidaresch ze sinn an net kommerzieller Natur. Besonnesch wichteg géing dëst am internationale Kontext ginn. Nodeems d’USA massiv Kierzungen an der Kooperatiounspolitik festgehalen hunn, fält bal d’Hallschent vun der Kooperatiounspolitik weltwäit ewech. “Dat kann een net ersetzen, mee mir mussen awer wéinstens versichen, esou vill ze hëllefen, wéi mer kënnen”, mengt de Sebastian Weier. Momentan wier awer de Problem, dass och déi europäesch Länner gréisstendeels hir Kooperatioun géingen zeréckschrauwen. De Kontext géing sech rasant änneren. Et géingen nei Acteuren op den Terrain kommen, wéi zum Beispill d’Chinesen, déi gäre géingen asprangen, wann de Westen sech zréckzitt.
No der Deklaratioun vum Kooperatiounsminister e Mëttwoch de Moien ass Mëttes dann den Debat an der Chamber.