
No 15 Joer un der Spëtzt vun der Beruffsorganisatioun huet de Marc Fisch op eng weider Kandidatur verzicht. Den éischte Vize-President vu bis ewell, de Christian Wester, gëtt säi Successeur. Dëse Bauer vun Alzeng ass och zënter 2019 Member an der Landwirtschaftskummer. Mat sengem Brudder huet hien e Mëllech- a Mammekoubetrib zu Alzeng.