D’Net-Vergiessen dierft net mat der Krichsgeneratioun verschwannen an dat géifen déi aktuell politesch Entwécklungen nach bestätegen, seet de fréiere President vum Consistoire israélite.
Zënter 1991 zeechent d’Fondatioun Oppenheimer hei am Land Acteuren a Projeten aus, déi sech allgemeng géint all Form vun Intoleranz, Rassismus, ethnescher Verfollgung an Antisemitismus ausschwätzen. Um Donneschdeg ass déi Präisiwwerreechung zu Esch, an de Prix Oppenheimer geet dëst Joer direkt un zwee Laureaten : De Gerd Klestadt a Claude Marx gehéieren allebéid nach zur Krichsgeneratioun a gi fir hiert Liewenswierk a méi speziell fir hiren Asaz fir d’Mémoire vun der Shoah, geéiert.
Wann engem bis kloer gëtt, wou de Claude Marx, Iwwerliewende vun der Shoah a Joergang 1934, wou dëse Mann also iwwerall seng Hänn am Spill huet, wann et ëm d’Memoire geet, freet ee sech, firwat hien dee Präis hei net all Joer kritt. Mir treffen de fréiere President vum Consistoire um neie jüddesche Kierfecht um Lampertsbierg, well hien heifir den nationalen Denkmalschutz wollt a krut. Dem Claude Marx geet et allgemeng ëm d’Net-Vergiessen, vun deem wat war, mee och ëm d’Net-Ignoréieren vun deem, wat haut an der Welt geschitt.
Säi Message un déi jonk Generatioun: Et soll iech näischt egal sinn, maacht iech är Meenung an huelt Positioun. Wiert iech géint dat Negatiivt an der Welt. D’Hamas-Attack vum 7. Oktober nennt de Claude Marx bestialesch an intolerabel – mee dat palästinensescht Vollek géing him Leed doen, grad wéi d’Familljen, deenen hir Leit entfouert goufen.
D’Memoire kënne mer iwwer d’Geschicht, d’Kultur, d’Recherche um Liewen halen, seet de Claude Marx, deen an dëse Beräicher extra staark ass.
Deemnächst kënnt säi Buch iwwer de Malakoff-Kierfecht a Clausen eraus, 18. Joerhonnert, mat Detailer iwwer d’Mënschen, déi hei begruewe goufen. Deen ass den Ament net accessibel.