
Et ass ee Sujet, iwwert deen op d’mannst am Nordoste vum Grand-Duché scho méi laang geschwat gëtt. D’Gemeng Tandel wëll zu Furen ee Centre médical mat integréierter Apdikt realiséieren. Eng Demande fir eng Konzessioun ass gestallt, ma de Collège médical an d’Santé hu jeeweils een negativen Avis ofginn. Dat kann den Tandeler Deputé-maire Aly Kaes net novollzéien an hie pocht nach ëmmer drop, datt eng Apdikt op Furen kënnt.
De Gemengepapp weist sech och optimistesch, datt dat gelénge wäert. Dat kann een nawell iwwerraschen, huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert dach rezent an engem Interview bei eis op der Antenn gesot, datt si sech un den Avise vun der Direktioun vun der Santé an dem Collège médical orientéieren a sech net iwwert d’Richtlinnen ewechsetze géing. Si hat eng “innovativ” Léisung an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Veianen, wou och ee Centre médical entsteet, an d’Spill bruecht. De Veianer Buergermeeschter Claude Tonino huet proposéiert, datt d’Doktere souwuel zu Veianen, wéi zu Furen schaffe kéinten.
Dozou mengt den Aly Kaes. “Ech ka mir einfach net virstellen, da misste mer jo och d’Apdikt op zwou Plaze maachen. Alles dat funktionéiert net. An der Realitéit ass et wichteg, datt de Patient weess, wou en higeet an, datt de Patient net braucht ze kucken, ass dësen elo an där Uertschaft oder an där Uertschaft.”
Hie géing och net gleewen, datt d’Dokteren an den Apdikter op zwou Plaze Loyer bezuele wëllen. Datt de Collège médical een negativen Avis ofginn huet, kommentéiert den Aly Kaes esou: “Dat muss ee ganz kloer soen, de Collège médical schafft net am Sënn vum Patient. Et kéint ee jo och mol den Telefon huelen a mat deene Concernéierte schwätzen, datt déi och hir Erklärunge kéinte ginn, wéi, wat, wou.”
De Collège médical argumentéiert, datt am Ëmfeld vu Furen a Veianen einfach net genuch Leit wunnen, fir zwou Apdikten ze rechtfäerdegen. Aktuell ass et sou, datt eng Apdikt op op d’mannst 2.500 Awunner kënnt, ma déi Zuel kéint op 5.000 gehéicht ginn. Souguer deen Taux géing Furen dem Aly Kaes no erfëllen, wann een d’Nopeschgemenge Bettenduerf a Reisduerf mat consideréiere géing. Ma onofhängeg dovu schwätzt hie vu kontraproduktivem Protektionismus. Et misst an Zukunft méi einfach ginn, eng Apdikt opzemaachen, virausgesat natierlech, datt een déi néideg Qualifikatioun huet. Wat de Projet zu Furen ugeet, läit de Ball elo beim Paulette Lenert, déi, sou den Aly Kaes, him, ier déi negativ Avise virlouchen, formell versprach hätt: “Mir maachen dat”.
Schluss ier et ugeet?: De Projet vun enger Apdikt zu Furen steet op der Kipp