
Eng Verbesserung vun der medezinescher Versuergung, grad am ländleche Raum, gëtt zu Lëtzebuerg zanter Laangem diskutéiert. Aktuell gëtt et sechs Demanden, fir eng Konzessioun ze kréien, eng Apdikt opzemaachen. Wärend der fënnef positiv aviséiert goufen, ass dat bei enger net de Fall. D’Gemeng Tandel wëllt an der fréierer Märei respektiv Schoul zu Furen eng Apdikt implementéieren, ma d’Chancë sti schlecht an de Grond dofir läit just véier Kilometer wäit fort.
An zwar zu Veianen. An der Kantonalhaaptstad gëtt et nämlech schonn eng Apdikt. Déi ass gesetzlech un d’Gemeng Veianen gebonnen. A well am Prinzip eng Apdikt op 2.500 Awunner kënnt, hunn esouwuel d’Direktioun vun der Santé wéi de Collège médical een negativen Avis ginn. Ma ganz dout ass de Projet zu Furen awer nach net, wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert.
“Ech hunn nach keng definitiv Decisioun geholl, also ech ginn der Saach nach eng Chance, fir ze gesinn, ob mer iergendwou eng Léisung kënne fannen. Ech kann am Fong geholl just hëllefen, eng Léisung ze fannen, ech ka mech awer net iwwert d’Richtlinnen ewechsetzen. Ech mengen, d’Fairness muss spillen, mir kënnen net eng Demande anescht behandele wéi déi aner. Letztendlech, dat ass dat, wou ech als Minister dru gebonne sinn. An et ass eben dat, wat an dësem Dossier ausschlaggebend wäert sinn, letztendlech.”
D’Ministesch setzt op eng innovativ Léisung zesumme mat der Gemeng Veianen, wou, wéi zu Furen, ee Cabinet médical entstoe soll. De Veianer Buergermeeschter Claude Tonino ass op alle Fall oppe fir esou eng Léisung.
“Datt ee sech dat zäitlech kéint opdeelen zum Beispill, datt d’Dokteren zäitweis zu Veianen wieren, zäitweis zu Furen. An datt déi komplementar géifen zesummeschaffen. An déi Apdikt, déi mir lo hei hunn an déi hei bleiwe muss, déi kéint hir Servicer vläicht sou organiséieren, mee dat ass à voir mat der Santé, datt déi Furener Entitéit och gutt funktionéiere kéint.”
Fir den Aly Kaes, deen nach bis den 11. Juni Buergermeeschter vun Tandel ass, kënnt dat awer net an d’Tut. Hie wëll onbedéngt eng Konzessioun fir eng eegestänneg Apdikt zu Furen, och wann de Projet vun engem Centre médical net dovun ofhängeg wier. Méi wëll den Député-maire aus dem Norden awer am Moment net soen. Hie wéilt der Gesondheetsministesch eng fair Chance ginn, eng Konzessioun auszestellen. Sollt dat net geléngen, dierft den Aly Kaes e bëssi méi gespréicheg sinn. Den Awunnertaux, fir eng Apdikt an enger Gemeng ze rechtfäerdegen, soll iwwerdeems eropgesat ginn. Am Gespréich ass d’Zuel vu 5.000 Leit.