Iwwer 2.600 Anäscherunge ginn et pro Joer zu Hamm. Zanter der Ouverture vum Crematoire 1995 hätt een ee richtege Boom erlieft, d’Zuele wiere Joer zu Joer nämlech drastesch an d’Luucht gaangen. Bal 60 Prozent vun de Leit déi stierwen, wëlle sech anäschere loossen, huet den Eugène Schmit, President vun der Flamma, e Freideg de Moien erkläert. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
De Moment zielt d’Flamma 13.500 Memberen. Virdeel vun esou enger Memberschaft wier et, datt déi Hannerbliwwen direkt wëssen, wat mam Verstuerwene soll geschéien. Well deen och zu Liefzäiten abezuelt huet, kéimen op déi Hannerbliwwen och keng onerwaart Käschten zou. 1906 ass d’ASBL Flamma gegrënnt ginn, wéi verschidde Leit net wollte begruewe ginn, mä ageäschert ginn. Dat war dee Moment zu Lëtzebuerg awer net méiglech, och well d’Kierch dogéint war. Dofir huet een déi Zäit missten an d’Ausland goen.
Et ass e klengen Enkpass do an e lästege Fait, mä kee generelle Problem, nach net, sot de Freideg de Moien den Eugène Schmit, als eisen Invité vun der Redaktioun..
De President vun der Flamma huet déi e bësse méi laang Waardezäiten am Crematoire zu Hamm den Ament, eben och mat de Revisiounsaarbechten erkläert, déi et den Ament do gëtt.
Et wier awer och kloer, dass en 2. Crematoire iergendwann onëmgänglech ass, dat beseet och eng Resolutioun, déi vun der Flamma esou decidéiert gouf. Iergendwann wier, duerch d’Hausse vun der Populatioun, Hamm saturéiert.
Als penibel Situatioun jugéiert den Eugène Schmit iwwerdeems de Fait, dass nach ëmmer verschidde Gemengen am Land net Member am Sicec sinn, dem Gemengesyndikat deen de Crematoire bedreift. Zu Hamm géif et awer 2 Präisser ginn – fir Leit, déi aus enger Gemeng kommen, déi Member am Sicec sinn, wier et méi bëlleg. Deemno kascht d’Anäscheren am eenzege Crematoire am Land net fir jiddereen dat Selwecht.
Op Allerséile hu mer eis mam Doud befaasst– engem Thema, dat vu villen nach ëmmer als Tabu ugesi gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
