Vill Leit betraffDe "Foyer" mellt "Phishing"-Attack a warnt viru falsche Mailen

RTL Lëtzebuerg
Dës Mailen, déi zënter e puer Deeg verschéckt ginn, gesinn esou aus, wéi wa se vu "Foyer.lu" géife kommen, ma d'Assurance huet näischt domadder ze dinn.
© Riccardo Besantini / RTL

An dësem Mail kritt ee gesot, dass eng Rechnung zweemol bezuelt gouf an dass een op e Link misst klicken, fir esou rembourséiert ze ginn.

De Foyer informéiert dohier seng Clienten an och de Grand public, dass et sech hei ëm eng “Phishing"-Attack handelt an dass d’Entreprise net Auteur vun dëse Mailen ass. Et gëtt een opgefuerdert virsiichteg bei esou Mailen ze sinn, well hei Onéierlecher op sensibel a perséinlech Donnéeë kéinten zougräifen.

Op kee Fall soll een op e sou e Mail äntweren oder op e Link klicken. Et soll een hei absolut evitéieren iergendwellech Donnéeën erauszeginn.

De Foyer selwer huet keng Méiglechkeet fir Noriichten ofzefänken, dat well d’Fortschécke vun de falsche Maile via eng extern Plattform geschitt. D’Maile selwer ginn un zoufälleg Persoune geschéckt, Zougrëff vu baussen op d’Clientsdonnéeë vun der Assurance gouf et ausdrécklech zu kengem Moment.

Hei de komplette Communiqué vum Foyer

Alerte Phishing

Ces derniers jours, un e-mail frauduleux a été envoyé à de nombreuses personnes au Luxembourg, prétendant émaner de « Foyer.lu ». Cet e-mail annonce au destinataire qu’une facture a été payée deux fois et l’invite à cliquer sur un lien pour être remboursé.

Nous tenons à informer nos clients et le grand public qu’il s’agit d’une attaque du type “phishing” et que Foyer n’est pas l’auteur de ce message.
Nous recommandons à toutes les personnes visées la plus grande prudence, car ces e-mails de phishing sont un prétexte sournois pour s’approprier les données personnelles et sensibles du destinataire. Il ne faut en aucun cas y répondre, ni cliquer sur les liens activés dans le mail, ni communiquer ses données personnelles ou bancaires.

Foyer tient également à préciser que cet e-mail de phishing a été envoyé aux différents destinataires de façon aléatoire à partir d’une plateforme externe et que Foyer n’a malheureusement aucun moyen d’intercepter l’envoi de celui-ci. En aucun cas, ce mailing ne se base sur des données clients enregistrées dans les systèmes informatiques de Foyer, aucun tiers n’ayant accès à celles-ci.

La sécurité des données personnelles de nos clients est et restera toujours une priorité absolue.

Restez vigilants !

Leudelange, le 25 janvier 2022

Back to Top
CIM LOGO