KavalkadDe Fuesbok iwwerhëlt Dikrech fir een Dag

Tim Morizet
Trotz driibsegem Wieder hunn dëse Sonndeg nees immens vill Leit de Wee op Dikrech fonnt, fir do bei der traditioneller Kavalkad mat dobäi ze sinn.

Verréckt Kostümer, fantastesch Ween a genuch Séisses, fir datt den Zänndokter och eppes verdéngt. Zanter en Donneschden zitt nees eng Kavalkad no der anerer duerch Däitschland. Um Fuessonndeg ass et dann och den traditionellen Optakt zu Lëtzebuerg. Fir esou muncher motivéierte Fuesgeck plënnert säi Mekka fir een Dag d’Joer op Dikrech. Déi kleng ewéi och déi al feiere scho gutt zu Dikrech. Dat bréngt esou muncher Spectateuren an de Galopp… an d‘Piraten an d‘Boot. D‘Atmosphär dëse Sonndeg – trotz driibsegem Wieder – excellent.

De Fuesbok iwwerhëlt Dikrech fir een Dag
Trotz driibsegem Wieder hunn dëse Sonndeg nees immens vill Leit de Wee op Dikrech fonnt, fir do bei der traditioneller Kavalkad mat dobäi ze sinn.

Et gouf vun allem: Dokteren, Beien, Feeën. Fir jidderee war eppes dobäi. Mee gëtt et esou eppes ewéi de perfekt Kostüm?

Nee, heescht et bei deene meeschte wou mer nogefrot hunn. Haaptsaach et ass ee motivéiert an et séngt ee mat. Dann ass de Kostüm och ganz egal.

Konfetti, extravagant Kostümer, 52 dekoréiert Ween a 5 Tonnen u Kamellen, Chipsen u an aner Sauereien hu gelackelt. Geschunkelt gëtt op all Eck…. Allez Hëpp… zu Dikrech si fir een Dag d‘Fuesboken un der Muecht, esou och den Organisateur, Sandro Dimola:

“Ganz fréier hate mer ganz wichteg Baler hei zu Dikrech. Leit si vun iwwerall hierkomm. Mir sinn haut déi éischt Kavalkad. D’Leit freeë sech nom laange Wanter, fir eraus an e bëssen ze feieren, ze jucksen, ze laachen. An dat mécht eis Kavalkad aus.”

D‘Traditioun vun der Kavalkad geet bis 1870 zeréck. All puer Joer gouf et en Ëmzuch zu Dikrech. Gären hunn och d‘Awunner dëse finanzéiert, well et de Veräiner soss ze deier gouf. Vun ’79 uns da war d‘Kavalkad kee Wanter méi ewech ze denken.

D‘Stroossen zu Dikrech waren dëse Sonndeg gutt gefält. Generell zitt et all Joers 20.000 Leit an Stad vum Iesel. Ma huet Dikrech dann elo déi beschte Kavalkad?

De Sandro Dimola schmunzelt: „Mir pralen net domadder. Mir si stolz eis Kavalkad ze hunn an déi mat eise Leit ze feieren. Mir gënne jidderengem seng Kavalkad an datt dee seng esou schei wéi méiglech presentéiert.“

6 grouss Kavalkade ginn et zu Lëtzebuerg. Op d’mannst nach 5 mol e Grond fir dëse Wanter uerdentlech ze feieren.

Déi bekanntste Kavalkade zu Lëtzebuerg sinn zu:

- Dikrech

- Schëffleng

- Esch

- Réimech

- Waasserbëlleg

- Péiteng

Urees op Dikrech war net ganz einfach

Wien awer iwwerhaapt emol bis op Dikrech komme wollt, huet e bëssi Gedold misste matbréngen. Um Sonndeg de Moie nämlech gouf et eng technesch Pann op der CFL-Streck tëscht der Stad an Ettelbréck a vill vun den Navetten, déi d’Fuesboke sollten op Dikrech bréngen, waren iwwerfëllt. Deels sinn d’Busser dann och net op den Arrête stoe bliwwen, fir d’Leit matzehuelen, huet een och an de soziale Medie konnte liesen.

Back to Top
CIM LOGO