
130 Milliounen Euro, wéi d'Kolleege vum Tageblatt a vum Wort bericht hunn, wëllt de Geschäftsmann Kindy Fritsch gäre vun der Gemeng Esch akloen, well dës hir Verflichtungen am Kader vum Immobilieprojet Portal Eent net respektéiert soll hunn. Wärend de fréiere Buergermeeschter dee Reproche vu sech weist, freet d'Oppositioun no Äntwerten.
Et geet ëm ee ronn 50 Ar groussen Terrain um Eck vum Boulevard Prince Henri an der Rue Victor Hugo zu Esch. Fréier stoung hei de Garage Martin Losch, ma mëttlerweil gesäit de Site éischter wéi ee Park aus, ëm dee sech kee këmmert. Am Fong sollt hei scho länger een Immobilieprojet realiséiert sinn, ma d'Pläng hunn am Laf vun de Joren ëmmer nees geännert. 2020 gouf awer eng Konventioun tëscht der Gemeng an der "PORTAL EENT S.à.r.l." ënnerschriwwen, déi ënnert anerem virgesäit, datt d'Gemeng 11 Logementer iwwerhëlt, fir se spéider sozial méi schwaache Leit zur Verfügung ze stellen. Dono goufen och nach eng Partie weider administrativ Hürde geholl, ma am November 2023 huet d'Gemeng beim Kadaster intervenéiert, fir d'Ausschaffe vum Cadastre vertical ofzebriechen. Dono gefrot, firwat d'Gemeng dat deemools gemaach huet, ass et dës Äntwert vum fréiere Buergermeeschter Georges Mischo:
"Dat kann ech net méi soen, well ech sinn net méi sou am Dossier dran, firwat dat sou gemaach ginn ass. Mir haten ee komplette Projet Portal Eent, deen dono nach ënnert deem fréiere Promoteur ëmgeännert ginn ass, no all de PAPs Reglementer an och no all de Bautereglementer vun der Stad Esch an dat sollt am Fong 1 zu 1 iwwerholl ginn, dofir verstinn ech dat lo net." Den Escher LSAP-Conseiller Steve Faltz gëtt sech mat där Äntwert awer net zefridden."Also et si jo genee déi doten Donnéeën, wou mir lo musse wëssen, ob dat geschitt ass, firwat et geschitt ass a virun allem, wien dee Mail do gemaach huet. Well lo ganz éierlech, do musse mengen ech Konsequenzen dono falen. Et kann dach net sinn, datt eng Gemeng ee Projet iwwert déi administrativ Schinn do wëllt stoppen. Oder se muss een triftege Grond hunn, firwat se dat gemaach huet an deen ass mir, mat deenen Informatiounen, déi ech hunn, net ersiichtlech." De Steve Faltz bemängelt, datt d'Oppositioun zu Esch generell net genuch informéiert géing ginn.
De Geschäftsmann Kindy Fritsch, dee mëttlerweil rëm hannert dem Projet Portal Eent steet, werft der Gemeng Esch och vir, datt si am Joer 2024 ronn 9,5 Milliounen Euro, déi fir dee Projet virgesi waren, vun do ofgezunn an op de Projet Rout Lëns ëmgeleet hätt. Dee Reproche weist de Georges Mischo awer zeréck, déi zwee Immobilieprojete wiere vuneneen onofhängeg an d'Gemeng hätt keng Sue vun deem enge bei deen aneren ëmgeleet. De fréiere Gemengepapp stellt de Projet Portal Eent iwwerdeems an eng Rei mat anere Projeten, déi op sech waarde loossen.
"Ech stelle just fest, ee Projet vu Silverfinch, Maarthal, ass näischt ginn, ass am Ufank e bëssi gelaf, ass dono awer näischt méi ginn. Ee Projet Portal Eent ass bis lo net zustane komm. Ee Projet Scholesch-Eck, deen am Standby ass an et ass och nach een anere Projet gewiescht, fir op der fréierer Plaz, wou d'Maarthal war, fir do ee Supermarché, eng Superette ze maachen, dat ass och näischt ginn. Et hänkt net un der Stad Esch, weder un engem Buergermeeschter Georges Mischo, nach un engem Buergermeeschter Christian Weis."
De Kindy Fritsch schreift op sengem LinkedIn-Profil un d'Adress vun der Escher Lokalpolitik ënnert anerem vun Detournement vu Suen, Favoritismus a Korruptioun. Dat wollt de Georges Mischo net kommentéieren.
Den aktuelle Buergermeeschter Christian Weis wëllt sengersäits, Stand lo, guer näischt zu där ganzer Affär soen. Hien huet schrëftlech matgedeelt, de Schäfferot misst een Affekot benennen a réischt wann deen den Dossier iwwerhëlt, krit d'Stad Esch en Abléck an all d'Dokumenter a kéint sech ee komplett Bild maachen. Réischt dono géing ee kommunizéieren.