RTL-Spezial elo am ReplayDe grousse Reportage iwwert den Alldag an der Kannerklinik

Pierre Weimerskirch
An de leschte Woche war vill lass an der Urgence. Infektiounskrankheeten zirkuléiere vill bei Kanner, mam Ufank vum Fréijoer fänken d’Allergien un.
RTL-Spezial: Alldag an der Kannerklinik
Wéi gesäit den Alldag an der Kannerklinik aus? Eng RTL-Ekipp huet eng Woch laang d’Personal aus de Servicer begleet.

Eng Woch konnte mir d’Personal bei der Aarbecht begleeden. Et war keen Dag wéi deen aneren, permanent gouf sech un nei Situatiounen ugepasst. D’Zuel vu Patienten ass an de leschte Jore permanent an d’Luucht gaangen, d’Struktur awer net deementspriechend ugepasst. Dat ass eng vun de gréisste Schwieregkeeten, déi een aktuell huet.

Neit Spidol geplangt

Eng nei Kannerklinik gëtt aktuell geplangt. Intern gouf et schonn éischt Reuniounen. D’Personal soll mat agebonne ginn, fir déi spezifesch Besoine vun de jeeweilege Servicer mat afléissen ze loossen. Et géif een um Site bleiwen, fir d’Proximitéit zum CHL an der Maternité ze behalen, esou d’medezinesch Direktesch vum Centre Hospitalier, Dr. Martine Georgen. An den nächste Jore misst een awer och déi aktuell Struktur nach upassen. Knapp 10 Joer misst een iwwerbrécken, bis dat neit Spidol steet.

Wann Dir wëllt Kontakt mat der Redaktioun ophuelen, kënnt Dir dat ënnert der Adress dossier@rtl.lu maachen.

Reportage "Alldag an der Kannerklinik"
Eng Woch konnt RTL d’Personal bei der Aarbecht begleeden. Et war keen Dag wéi deen aneren, permanent gouf sech un nei Situatiounen ugepasst.

Back to Top
CIM LOGO