Yuriko Backes iwwer SteierkreditDe Kafkraaftverloscht vu Leit mat klengem Revenu ausgläichen

Pierre Jans
Vill Betriber struewelen extrem, huet d‘Patronat ze bedenke ginn. Eng méiglech zweet Indextranche dëst Joer am August soll verréckelt ginn.
Yuriko Backes iwwer Steierkredit
De Kafkraaftverloscht vu Leit mat klengem Revenu ausgläichen

Gläichzäiteg spiere vill Leit d‘Inflatioun am Portmonni, an hätte sech iwwer weider 2,5 Prozent méi am Salaire am Summer gefreet. Hire Kafkraaftverloscht soll mat engem Steierkredit kompenséiert ginn. Op der Tripartite goufe Mesurë fonnt, déi der Erausfuerderung gerecht ginn, soen d‘Sozialpartner – ausser den OGBL. Der gréisster Gewerkschaft an anere Kritiker no géifen d‘Salariéeë verléieren. De Pierre Jans huet mat der Finanzministesch Yuriko Backes geschwat.

02/04/2022 BAND Backes erklàert Steierkreditt -7.30- jans (R

Et ass eng Rechen-Schluecht. Egal ob een de Mesurëpak verdeedegt oder kritiséiert, et hëlt een d‘Rechemaschinn eraus. Déi Lénk rechnen zum Beispill vir, dass duerch de verluechten Index scho Salairë vu 44.000 Euro d‘Joer trotz Kompenséierungen ënnert dem Stréch verléiere géifen. Geet d‘Rechnung also wierklech just fir déi Leit mam qualifizéierten an net-qualifizéierte Mindestloun op, Yuriko Backes?

“Dat stëmmt net. Éischtens ass den Index jo net annuléiert, mä reportéiert. Mir denken a Kafkraaftverloscht an net an Index. An den Tabelle vum Statec gesitt Dir ganz kloer, dass do, wou Kafkraaftverloscht ass, do verléiert mat eise Mesurë keen eppes.“

D‘Finanzministesch schwätzt vu Simulatiounen, déi de Statec gemaach huet. Bei der Evolutioun vun der Kafkraaft sinn all d‘Depensë mat agerechent. D’Basis fir d‘Kompensatiounen auszerechnen, war den héchste Montant u Kafkraaftverloscht. Dee fënnt ee bei de Stéit bis 44.160 Euro Akommes am Joer: déi niddregst Kategorie vu Revenu. Den Zenario ass dësen: Reportéiert Indextranche an den Abrëll 2023, mat Allocation vie chère, Baisse vum Literpräis fir Sprit a Mazout, mä ouni Steierkreditter: et wär e Verloscht vun der Kafkraaft vu 419 Euro d‘Joer gewiescht. Uganks wär et drëms gaangen deen op Null ze kréien.

D‘Finanzministesch Yuriko Backes: „Mir hunn du gesot, dass mir dat iwwerkompenséieren. Mir hunn dee Chiffer dunn op e Steierkredit gesat: awer net pro Stot, mä pro Persoun. Mir hunn en neie Steierkredit entwéckelt.“

De Steierkredit “Energie” wäert sozial no ënne gestaffelt sinn. Leit mat klengem Revenu kréie méi, versprécht d’Finanzministesch. De Montant vum Bonus geet mat der Héicht vum Revenu erof. Maximal ginn et 84 Euro de Mount pro Persoun. Leit mat enger Paie vun 8.000 Euro kréien nach mat 9,50 Euro gehollef. Driwwer ass Schluss.

De Kredit géif automatesch ausbezuelt ginn, esou d‘Yuriko Backes. Wärend 8 Méint mat der Pai, respektiv der Pensioun. Wann d‘Indextranche am August dann effektiv erfält a reportéiert gëtt. A wann d‘Chamber dee Mesurëpak guttheescht. Ze behaapten, guer kee misst mat engem Verloscht rechnen, wär falsch. Dat gëtt d‘Finanzministesch zou.

„Fir eis war et wichteg, dass mir eis op déi konzentréieren, déi wéinst der Inflatioun an den héijen Energiepräisser a méi enger schlechter Situatioun sinn. Natierlech: déi mat de méi gudde Paie kréien elo keen Index a ginn och net an dësem Mechanismus kompenséiert.“

Nëmme bis 100.000 Euro brutto d’Joer hëlleft de Staat. Ëmmerhi wäre 440 Milliounen Euro, also méi wéi d’Hallschent vum ganze Pak, do eleng fir d‘Steierkreditter ze erméiglechen. D‘DP-Ministesch wiert sech domat géint d’Reproche, den Accord aus der Tripartite wär eleng op d‘Betriber zougeschnidden. Mä och déi missten ebe gehollef kréien. An d‘Staatskeese sinn net onendlech gefëllt.

Fir d’Studentenhëllefe si fir d’Schouljoer 2022-0223 iwwerdeems zousätzlech eng 10 Milliounen Euro virgesinn. Ganz genee ausgerechent wieren déi eenzel Posten nach net, esou den Héichschoulministère op RTL Nofro hin. Mee op der Basis-Bourse solle vun August u ronn 100 Euro bäikommen, genee wéi op d’Mobilitéitsbourse. Den Zouschoss op der Sozialbourse soll jee no Akommes variéieren. D’Studente solle vun August un déi zwou Indextranchë vun Oktober 2021 a vum Abrëll bäikréien.

Back to Top
CIM LOGO