Vu Stadbriedemes erof an de Minett. Déi Pläng leien am Nationalarchiv a sinn iwwer 100 Joer al.
De Kanal hätt sollen 51 Kilometer laang sinn, mat am ganzen 31 Schleisen. Et wollt een domat d’Minett-Regioun iwwert d’Musel mam Ruhrgebitt an Däitschland verbannen. Geplangt war och den Uschloss iwwert d’Kuer, also d’Chiers un de Kanalreseau a Frankräich.
Mam Miseler Säitenaarm hätt ee kéinten Eisenäerz vu Lëtzebuerg bei déi däitsch Stolwierker transportéieren. An déi selwecht Schëffer hätte Kuel a Kok aus dem Ruhrgebitt direkt bei déi Lëtzebuerger Schmelze bruecht.
De Lëtzebuerger Stol wier doduerch héchstwarscheinlech méi bëlleg ginn, wéi deen däitschen. Ënner anerem duerfir hu Politiker a Schmelzhären an Däitschland de Projet blockéiert. Och déi deemools etabléiert Eisebunnsgesellschaften hätten ënnert dem Konkurrent Waasserstrooss gelidden. An de Kanal hätt och eppes kascht. Am éischte Weltkrich sinn d’Pläng dunn am Tirang verschwonnen.
Soss nach am PISA: Drénkwaasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll.
D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes, déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sechs Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu Drénkwaasser opbereet ginn.