
D'Manéier vun de Banken an och vun der Post gëtt vun der Union des Consommateurs schaarf verurteelt.
An engem Communiqué heescht et, datt virun alem eeler Persounen a vulnerabel Leit heivunner betraff wieren, och wann natierlech hautdesdaags ëmmer méi Demarchen Online kéinte realiséiert ginn.
D'Banken hätten awer och eng sozial Aufgab, ma dat géingen déi äiskal Manager vergiessen, heescht et vun der ULC, déi d'Fro opwërft, ob et d'BGL iwwerhaapt nach géing ginn, wa se net virun enger Dose Jore vum Steierzueler gerett gi wier.
D'Fermeturë géingen och dozou bäidroen, dass eis Uertschafte weider géingen ausstierwen.
De Finanzminister Pierre Gramegna géing senger Aufgab net gerecht ginn, well en net bei der staatlecher Spuerkeess souwéi der Post géing intervenéieren.