
Stand Enn Oktober maachen d’Leit, déi zanter op d’mannst 12 Méint bei der ADEM ugemellt sinn, 37 Prozent vun alle Chômeuren hei am Land aus.
D’Zuel vun de Laangzäit-Chômeuren ass zënter der Pandemie erofgaangen. Waren 2020 nach 8.262 Leit, sou sinn et der aktuell ronn 2.000 manner.
Enn Oktober dëst Joer huet déi genannt Kategorie 37% vun allen Demandeurs d’emploi ausgemaach. Och d’Part ass an der Baisse.
Am meeschte betraff ass weiderhin d’Alterskategorie 45 bis 64 Joer. Si maache méi wéi d’Hallschent vun de Laangzäit-Chômeuren aus. Eng Roll spillen d’Gemengen an ASBLen.
Sou hunn notamment d’Gemeng Lëtzebuerg oder nach de Forum pour l’emploi Leit rekrutéiert, déi scho méi laang no Aarbecht sichen.