Ënnert anerem dëse Froen ass een op enger Konferenz vun der Uni Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Fuerschungszenter fir sozioekonomesch Recherchen (kuerz LISER) nogaangen. Ee vun de Riedner war den Hollänner Guido Imbens, deen 2021 de Nobelpräis an der Ekonomie gewonnen huet an den Ament Ekosprofesser un der Stanford Graduate School of Business ass. Hien huet genee zu den uewe genannte Froe gefuerscht a versicht, bestëmmten Zesummenhäng opzestellen.
Ënnert anerem huet de Laureat vum Nobelpräis an der Ekonomie recherchéiert, wéi een Impakt d’kënschtlech Intelligenz op d’Produktivitéit vun de Leit op der Aarbecht kann hunn. Zum Beispill an engem Call Center, kéint d’kënschtlech Intelligenz Leit, net wéi gefaart ersetzen, mä éischter ënnerstëtzen, beispillsweis andeems se Froen am Client-Service beäntwert.

An anere Secteure géingen zwar Beruffer ewechfalen, mä an engems och neier geschaaft ginn, fir déi d’Leit op en Neits ausgebilt misse ginn.
Ma och zum Beispill wärend enger Walcampagne a wann et drëms geet, genee Prognosen ze maachen, kéint d’kënschtlech Intelligenz nëtzlech sinn. Eng Gefor an deem Zesummenhang wieren awer Falsch-Noriichten, déi automatesch generéiert a verbreet kënne ginn. Hei géing een nach u Methode schaffen, fir datt een dës an Zukunft besser erkenne kéint.
Am Kader vun der Konferenz koum et och zu engem Echange mat verschiddene Politiker.
“D’Diskussiounen, déi mer haten, waren interessant. Mir poursuivéiere se och, fir ze kucken, a wéi enge Mesurë mer als LISER eis Tools nach kënne weiderentwéckelen an och diversifiéieren, fir och déi Froe kënnen ze beäntweren, déi d’Regierung huet a fir si da kënnen an deenen nächste Krisen, an deenen nächsten Transformatiounen an an hiren Entscheedunge kënnen ze begleeden”, sou d’Aline Muller, Generaldirektesch vum LISER.
Och fir de Guido Imbens war den Austausch interessant. Hei huet hie mat de Politiker ënnert anerem iwwer d’Wichtegkeet vun engem Echange tëscht de politeschen Acteuren an de verschiddenen Tech-Firme geschwat.
