E Freidegmoie gouf am Regierungsrot decidéiert, dass de Mindestloun op den 1. Januar ëm 3,8 Prozent wäert klammen. Eng Mesure, déi den Aarbechts- an de Wirtschaftsminister duerno op enger Pressekonferenz, déi kuerzfristeg aberuff gouf, annoncéiert hunn. De Wirtschaftsminister Lex Delles war dann och e Freidegowend am Journal um Plateau, fir weider Erklärungen zu dëser Decisioun ze ginn.
Éier de Mindestloun am Januar ëm 3,8 Prozent eropgeet, wäert dëst Joer nach eng Indextranche erfalen. Dat wier dem Wirtschaftsminister no nach virum Summer de Fall. Dës Augmentatioun ëm 2,5 Prozent wäert ronn 65 Euro ausmaachen. D’Hausse ëm 3,8 Prozent am Januar géif da ronn 105 Euro ausmaachen, sou dass am Ganzen op eng Hausse vun 170 Euro vum Mindestloun kéim, sou de Minister.
Et stellt sech awer d’Fro, ob dës Hausse duergeet, fir de Probleem vun de Working poor ze léisen. Ma fir dës Erausfuerderung ze léisen, misst een dem Minister no un e puer Schrauwen dréien:
“Ech mengen, dass de Problem vun de Working Poor nach vill méi breet gefächert ass wéi nëmmen de Mindestloun. Natierlech ass de Mindestloun e wichtege Bestanddeel. Mir musse kucken, dass d’Leit och genuch Pai kënne kréien. Dat ass ganz divergent op verschiddene Plazen. Mee et muss een awer och soen op där anerer Säit, dass mer als Regierung eng Panoplie vu Mesurë geholl hunn iwwert de Familljeministère, sief et d’Energieprimm, sief et d’Steierbefreiung vum Mindestloun, déi am Finanzministère gemaach ginn. Also eng Panoplie vu Mesuren, fir eebe grad nach eng Kéier do och kënnen ze hëllefen.”
Fir de Betriber entgéintzekommen, gouf dann och decidéiert, dass de Staat 1,3 Prozent vun deenen 3,8 wäert kompenséieren. Dat wier dem Minister no néideg. Déi lescht zwee Joer wier d’Lëtzebuerger Ekonomie nëmmen ëm jeeweils 1 Prozent gewuess. Traditionell géif de PIB an der Moyenne ronn 3 Prozent d’Joer wuessen. Gläichzäiteg géif de Chômage klammen, wou een elo bei engem Taux vu 6,2 Prozent ass.
Fir 2026 soll sech dat e bësse besseren. Dowéinst wéilt een d’Betriber net ze schwéier belaaschten an déi antizipéiert Croissance “am Keim erstécken an duerno och keng Betriber méi hunn, déi Aarbechtsplaze kënne schafen, grad an deem Beräich, wou mer hei schwätzen”, sou de Lex Delles. Dowéinst hätt ee sech decidéiert, 1,3 Prozent vun der Hausse ofzefiederen. Et kéint een do iwwer verschidde Volete schwätzen, wéi dat soll passéieren. Et wier wichteg, sech nach eng Kéier beieneen ze sëtzen, fir ze kucken, wéi een déi 1,3 Prozent genee géif offiederen. De Commitment wier jiddwerfalls do.
Zur Fro, ob ee mat dëser Hausse dann elo bei de 60 Prozent vum Median läit, deen an der EU-Direktiv virgesinn ass, verweist de Minister drop, dass et verschidden Indicateure géif, unhand vun deenen een dat kéint berechnen: “D’EU-Direktiv gesäit vir, dass et verschidden Indicateure gëtt. A mat deenen Augmentatiounen, déi 2,5 an déi 3,8, leie mer da bei engem Indicateur, sou wéi dat an der Direktiv och, do ginn et verschidde Moyenen, wéi een dat ka berechnen. A bei engem dovu leie mer dann och op deene 60,2 Prozent.”
Vu Patronatssäit huet ee sech dann trotz enger Kompensatioun vun 1,3 Prozent net zefridde mat der Annonce vun der Regierung gewisen. Den UEL-President Michel Reckinger huet um RTL-Mikro virun Inflatioun a méiglechen Entloossunge gewarnt. Mécht dat engem Wirtschaftsminister da keng Angscht?
Dorop äntwert de Minister, dass déi ganz ekonomesch Situatioun géif Angscht maachen, si wier ganz schwiereg: “Mir wëssen haut net genau wéi eng Decisioun no muer ausserhalb vun der EU geholl ginn. Mir wëssen, dass d’Wirtschaft am Moment ganz schwéier huet no Covid, nom russeschen Ugrëffskrich an d’Ukrain, no der héijer Inflatioun, déi mer haten an elo nach bei den Energiefroen, déi se stellen, wësse mer, dass et fir d’Wirtschaft ganz schwéier ass.”
An esou enger Situatioun wier et awer och wichteg, d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen, eben duerch d’Mesuren, déi een elo geholl hätt.
Bei de Gewerkschaften ass een dovun net iwwerzeegt. D’OGBL-Presidentin Nora Back huet deementspriechend net mat Kritik gespuert. Et wier eng Decisioun, déi unilateral getraff gi wier, ouni d’Syndikater ze héieren. Iwwerdeems géifen déi 1,3 Prozent Kompensatioun fir d’Betriber vum Steierzueler bezuelt ginn. Et géif een dann och nach net wëssen, wéi laang déi Kompensatiounsmesure soll lafen a wat se am Endeffekt wäert kaschten.
D’Nora Back huet vun engem Doudesstouss fir de Sozialdialog vun der Gewerkschafte geschwat. Vun elo u géif ee sech op der Strooss wieren.
De Lex Delles ënnersträicht an deem Kontext, wéi schwéier et gewiescht wier, mat béide Säite getrennt ze schwätzen. Iwwerdeems louchen d’Fuerderunge vu béide Säite wäit auserneen. D’Gewerkschafte wollten eng Augmentatioun vun 11 Prozent vum Mindestloun, d’Patronat wollt dogéint guer keng an d’Kafkraaft iwwer aner Weeër stäerken. Et hätt ee missen als Regierung tranchéieren a Responsabilitéit huelen. Dat hätt ee gemaach an eng Decisioun geholl, fir dass esouwuel d’Betriber, wéi och d’Salariéen eng Previsibilitéit hätten.
D’Regierung géif dann och trotz der Annonce vu gewerkschaftlechen Aktioune bei hirer Decisioun bleiwen. Ofschléissend, war et dann nach den Appell, sech ëmmer erëm un een Dësch ze setzen.