Mindestloun vun 2027 un 170 Euro méi héichPatronat schwätzt vu "schwéierem Aschnëtt" fir Betriber, OGBL vun "Doudesstouss fir de Sozialdialog mat de Gewerkschaften"

RTL Lëtzebuerg
No der Annonce vum Aarbechtsminister Spautz an dem Wirtschaftsminister Delles zum Upasse vum Mindestloun hunn d'Patronat an d'Gewerkschaften elo reagéiert.

De Mindestloun gëtt ëm 3,8% no uewen ugepasst. Derbäi kënnt eng Indextranche, also eng Hausse vun 2,5 %, nach virum Summer. Dat hunn den Aarbechtsminister Marc Spautz an de Wirtschaftsminister Lex Delles an enger Pressekonferenz annoncéiert, déi ganz spontan aberuff gi war. Domat reagéiert d‘Regierung op déi aktuell Präisdeierecht, virop bei der Energie.

Der Regierung no géif dës Loun-Upassung bedeiten, datt Mindestloun-Empfänger am Januar 2027 ronn 170 Euro méi an der Pai wäerten hunn.

Fir d‘Belaaschtung fir d‘Betriber ofzefiederen, wäert de Staat 1,3% vun den annoncéierten 3,8% Upassung kompenséieren. Wéi genau dat wäert gemaach ginn, soll elo mat de Patronatsvertrieder ausgeschafft ginn.

De Lex Delles iwwer d'Belaaschtung fir d'Betriber

Wat dat de Staat konkret wäert kaschten, konnten déi zwee Ministeren um Freideg de Mëtteg net konkret chiffréieren. Rieds goung vun 30 bis 50 Milliounen Euro d‘Joer.

Et kënnt zu Upassunge beim Mindestloun
Replay vun der Pressekonferenz mam Marc Spautz a Lex Delles.

Patronat a Gewerkschafte reagéieren

No der Annonce vum Aarbechtsminister Spautz an dem Wirtschaftsminister Delles gëtt et deels ferm Kritik vum Patronat a vun de Gewerkschaften.

Fir de Michel Reckinger, President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises, wieren 2,5 Prozent "natierlech besser wéi 3,8 Prozent", trotzdeem géing dat "fundamental" näischt änneren".

"Well mir hunn zwee Mol 2,5 (Prozent) an deenen nächste sechs Méint. An da wësse mir jo wéi d'Situatioun dobaussen ass mat den Energiepräisser, déi klammen, mat dem Risiko, datt d'Inflatioun, wéi se virun dräi Joer och am Ufank vum Krich op eemol ewechgefuer ass, dass mer do a riseg Problemer kommen. Wéi gesot, déi Diskussiounen hätte mer eis gären erspuert an aner Léisunge fonnt."

En Dënschdeg hätt ee probéiert, de Ministeren "z'erklären, wéi komplizéiert d'Situatioun dobaussen ass". Grad a Secteure wéi dem Horesca, dem Artisanat an dem Commerce, wou vill Leit de Mindestloun kréien, misst een op aner Méiglechkeeten, wéi zum Beispill Aiden, déi et haut scho ginn, zréckgräifen.

Déi zwee Mol 2,5 Prozent (fir den Index a fir de Mindestloun) si fir den UEL-President e "ganz schwéieren Aschnëtt" fir d'Betriber. "An dat wäert sécherlech d'Inflatioun dreiwen, well d'Entreprisë mussen hir Präisser erhéijen. Oder si wäerten, wann et net méi duergeet, wäerte se entloosse mussen. An dat wollte mir alles evitéieren", sou nach de Michel Reckinger.

Och d'Kompensatioun vun 1,3 Prozentpunkten duerch de Staat mécht d'Bëtschel net fett an dréckt op d'Kompetitivitéit vun de Betriber, sou den UEL-President Michel Reckinger um RTL-Mikro.

UEL-President Michel Reckinger reagéiert op Upassung vum Mindestloun
Déi zwee Mol 2,5 Prozent (fir den Index a fir de Mindestloun) si fir den UEL-President e "ganz schwéieren Aschnëtt" fir d'Betriber.

D'OGBL-Presidentin Nora Back betount iwwerdeem, datt d'Gewerkschaften "op zwee Niveauen" enttäuscht wieren. Engersäits wier net mat hinne geschwat ginn an et wier decidéiert ginn, ouni d'Syndikater ze consultéieren: "Dat heescht jo schlëmmer wéi dat, wat mer elo kannt hunn, och ënnert dem Aarbechtsminister Georges Mischo." Et mierkt ee séier, dass et guer a glat net nom Goût vun de Gewerkschaften gaangen ass, déi sech nach extra via Bréif un d'Regierung adresséiert haten, fir e Plädoyer fir en éierlechen a fairen Sozialdialog ze halen.

Anerersäits kritiséiert d'Nora Back, datt d'Betriber kompenséiert solle ginn, also d'Steierzueler "d'Entreprisen dofir bezuelen, dass guer näischt um Mindestloun passéiert". Dës Decisioun wier "den Doudesstouss fir de Sozialdialog mat de Gewerkschaften". Et hätt een "alles probéiert", "all Form vun Entrevuë matgemaach", mä et wier "einfach net mat eis diskutéiert ginn". D'OGBL-Presidentin betount an deem Kontext, datt d'Syndikater sech mat "gewerkschaftlechen Aktioune wiere" géingen.

D'OGBL-Presidentin Nora Back reagéiert op Upassung vum Mindestloun
Datt ouni mat hinnen ze schwätzen, decidéiert gouf, wier "den Doudesstouss fir de Sozialdialog mat de Gewerkschaften".

D'OGBL-Presidentin mobiliséiert fir nach emol op d'Strooss ze goen.

D'Nora Back annoncéiert gewerkschaftlech Aktiounen

Absënns batter stéisst de Gewerkschaften op, datt lo nach d'Allgemengheet muss bezuelen, fir datt d'Patronat kompenséiert gëtt.

Weider Kritik un der Regierungsdecisioun

D'Decisioun ëm de Mindestloun dierft also net op en Ouschter-Fridden erauslafen, mä däers dierft sech d'Regierung bewosst gewiescht sinn, wéi se e Freideg tranchéiert huet. Déi entspriechend Gesetzestexter kommen dann lo an d'Chamber, en attendant d'Annoncen vun de Gewerkschaften, wéi hir Riposte wäert ausgesinn.

Um Samschdeg de Moien huet den OGBL e Pressecommuniqué erausgeschéckt mam Titel: "Dat ass keng Mindestlounerhéijung - Wéi d'Regierung decidéiert huet, näischt ze decidéieren".

PDF: Communiqué vum OGJ: "Wéi d'Regierung decidéiert huet näischt ze decidéieren"

Reaktioun vun déi Lénk an der KPL

Déi Lénk betounen iwwerdeems, datt eng Indextranche an den Ajustement keng Lounerhéijunge sinn, ma en Ausgläich, deen d‘Salariéë kréien, well d‘Präisser an d‘Léin allgemeng an d‘Luucht ginn. Dës Instrumenter, déi zanter laangem Deel vum Sozialmodell wieren, wieren net nei. Déi eenzeg Nouvelle wier, datt d‘Patronat en Deel dovu rembourséiert kritt. Um Enn géif dat bedeiten, datt d‘Leit sech mat hire Lounsteieren hir eege Pai géife bezuelen, esou d‘Kritik vun déi Lénk, déi weider eng reell Hausse vum Mindestloun ëm 300 Euro fuerderen.

Vun der KPL waren änlech Téin ze héieren. Si soten den 30. Mäerz, d'Entwécklung vun den Duerschnëttsléin als "Erhéijung vum Mindestloun" duerzestellen, ma gläichzäiteg ze verweigeren, de Mindestloun strukturell ze erhéijen, géif d'KPL als "Bedruch" vun de Leit mat Mindestloun an eng "Krichserklärung" un d'Gewerkschaften duerstellen.

________________________________________________
De Lex Delles ass e Freideg den Owend Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

De Marc Spautz ass e Samschdeg Invité am Background am Gespréich um Radio.

Back to Top
CIM LOGO