Stabel an awer am WandelDe Lëtzebuerger Miwwelsecteur ass weider profitabel a gëtt méi international

Marc Hoscheid
Am Grand-Duché ginn et ronn 50 Miwwelgeschäfter, ongeféier 20 dovu si Lëtzebuerger Familljebetriber. Deen Undeel kéint an Zukunft weider no ënne goen.
© Shutterstock

D’Geschicht vum Miwwelgeschäft Scheer huet hiren Ufank am Joer 1955, deemools hat den Alphonse Scheer säin éischte Buttek zu Wolz opgemaach. Am Laf vun de Joren hunn d’Raimlechkeeten zu Wolz gewiesselt a goufen ausgebaut. Och op anere Plazen am Grand-Duché huet sech Meubles Scheer niddergelooss. 1993 huet den Alphonse Scheer du seng Pensioun geholl a seng Bouwe Marc a Carlo hunn d’Gerance vum Betrib iwwerholl. Ma dëst Joer wäert d’Geschicht vum Familljebetrib op een Enn goen. Am leschte verbliwwene Geschäft zu Wolz leeft aktuell den Ausverkaf. Well de Carlo Scheer an d’Pensioun geet a seng Kanner berufflech an anere Beräicher aktiv sinn, verschwënnt dowéinst den Numm Scheer aus dem Lëtzebuerger Miwwelsecteur.

Ma wéi ass déi generell Situatioun vu Miwwelgeschäfter zu Lëtzebuerg? Kënne sech Familljebetriber nach op engem Marché behaapten, deen ëmmer méi vu groussen internationale Konzerner an dem Internethandel beaflosst gëtt? D’Fédération Luxembourgeoise de l’ameublement (FEDAM) ass den Daachverband vun de Miwwelhändler zu Lëtzebuerg. Aktuell huet d’FEDAM ronn 50 Memberen, ongeféier 20 dovun kann een als traditionell Lëtzebuerger Betriber bezeechnen. De Jean Seil, President vun der FEDAM a Patron vun der Galerie Moderne, fënnt et bëssi schued, datt déi auslännesch Geschäfter, déi dacks Deel vun enger grousser internationaler Chaîne sinn, net beim Miwwelfestival vun der FEDAM matmaachen. Et kéint een awer keen derzou zwéngen. Gläichzäiteg gëtt de Jean Seil awer ze bedenken, datt och an Zäiten, wéi et nach méi Lëtzebuergesch Miwwelhaiser gouf, laang net jidderee beim Festival matgemaach hätt.

Profiteur vun der Corona-Pandemie

Wat déi lescht Joren ugeet, sou hätt een als Secteur vun der Corona-Kris profitéiert, wéi de Jean-Pierre Thill, Vizepresident vun der FEDAM a Patron vu Miwwel Thill a Miwwel Oestreicher, erkläert. Well se net oder nëmmen ageschränkt reese konnten, hätte vill Leit decidéiert, hiert Doheem méi schéin anzeriichten. Dat hätt derzou gefouert, datt den Ëmsaz virun zwee Joer ëm 40 Prozent an d’Luucht geschoss wier. An de Joren 2020 an 2021 hätt deen däitschen Akafsverband vun der FEDAM mat senge ronn 500 Membere wéinst där grousser Demande bei engem bestëmmte Betrib 60.000 Kichenapparater méi kaaft wéi an normalen Zäiten. Mëttlerweil wier een awer rëm um Niveau vu viru Corona ukomm.

Wat den Impakt vum Ukrain-Krich ugeet, sou hätt dee sech mëttlerweil rëm ofgeschwächt. Louchen d’Waardezäiten am Ufank vum Konflikt deelweis bei iwwer 20 Wochen, hätte se sech mëttlerweil bei ëm déi 10 Wochen agependelt. Dat géing doru leien, datt d’Produktioun sech aus der Ukrain a Polen rëm méi a Westeuropa verlagert hätt. Dat hätt allerdéngs zur Konsequenz, datt d’Käschten an d’Luucht ginn. Ee positiven Effekt hätten och déi manner streng Corona-Reegelen a China, wou déi grouss Häfe rëm esou gutt wéi normal funktionéieren.

Problemer am Immobiliësecteur maache Suergen

Wat d’Konkurrenz duerch ee grousst Miwwelgeschäfter direkt hannert der Belsch-Lëtzebuergescher Grenz ugeet, mécht ee sech bei der FEDAM iwwerdeems wéineg Suergen. “Dat Geschäft gëtt et lo schonn eng Partie Joren a mir sinn ëmmer nach do”, sou de Jean Seil. Ikea géing Produiten aus enger anerer Präisklass ubidde wéi déi meescht Betriber aus Lëtzebuerg. Mat Bléck op den Onlinehandel mengt de Jean-Pierre Thill iwwerdeems, datt dësen net esou ee groussen Impakt op den Handel mat Miwwele wéi mat anere Wueren hätt. D’Leit géinge sech zwar am Virfeld online informéieren, mee bei méi deiere Produite wéilten se dës awer gesinn an upaken, äert se se kafen. Et wier allerdéngs sou, datt haut manner Clienten an d’Geschäfter kéimen, fir sech einfach ëmzekucken.

Mat Suerge kuckt een iwwerdeems op déi aktuell Entwécklung um Logementsmarché. Wa wéinst deene méi héijen Zënse manner Prêten accordéiert an dowéinst manner gebaut géing ginn, géif dat och de Miwwelsecteur spieren, wann och mat engem Retard vun 3 bis 4 Joer. Op d’mannst fir de Jean Seil ass dat awer keng Fatalitéit. Et kéint och sinn, datt Leit, déi sech keng nei Wunneng oder een neit Haus leeschte kënnen, hiert aktuellt Doheem opwäerte wéilten. Fir déi mëttel- a laangfristeg Zukunft weist sech de FEDAM-President op alle Fall optimistesch. D’Zuel vun de Miwwelgeschäfter zu Lëtzebuerg dierft insgesamt stabel bleiwen. Dat an éischter Linn, well den Immigratiounstaux wuel weider héich bleiwe wäert an déi Leit, déi nei op Lëtzebuerg kommen, nun emol Miwwele bräichten. Den Undeel vun de Lëtzebuergesch gefouerte Betriber kéint par Konter nach liicht zeréckgoen. Dëst géing doru leien, datt net ëmmer ee Successeur parat steet. Dat wier awer kee Phänomen, deen een och an anere Secteure beobachte kéint.

Back to Top
CIM LOGO