Pensioun am Ausland?De Lëtzebuerger Staat muss wëssen, wou Dir wunnt

RTL Lëtzebuerg
Op de soziale Reseaue gouf sech d'Fro gestallt, wisou d'Gemeng no enger Adress freet, wann ee sech ofmellt. Ma dat huet ee Grond.

Wann een zu Lëtzebuerg vun enger Gemeng an déi aner plënnert, ass dat mëttlerweil relativ onkomplizéiert. Et geet een einfach a senger neier Heemechtsgemeng an de Büro an et mellt ee sech do un. Automatesch gëtt een domat a senger fréierer Gemeng ofgemellt. Dat leeft nämlech zënter 2015 alles iwwert de Nationalregister.

Wann een an d’Ausland plënnert, egal ob elo hannert d’Grenz oder e gutt Stéck méi wäit ewech, ass dat awer eng aner Saach. Da muss ee sech op der Gemeng ofmellen, wou ee fir d’Lescht gewunnt huet. Hei gëtt een da gefrot, déi nei Adress am Ausland op der Lëtzebuerger Gemeng ze hannerloossen. Do kommen dann heiansdo Reaktioune wéi “Wisou braucht Dir meng nei Adress? Dat geet Iech näischt un!”.

D’Gemenge froen déi Informatioun awer net ouni Grond, mä éischter am Interessi vun de Leit. Wann zum Beispill e Pensionär an d’Ausland wunne geet a keng nei Adress zu Lëtzebuerg hannerléisst, da weess d’Pensiounskeess net, wou dës Persoun drun ass an et gëtt keng Pensioun méi ausbezuelt.

Well d’Pensiounskeess keen Zougang zu internationalen Donnéeën huet, schécke si och all Joer e Bréif u Lëtzebuerger Pensionären, déi am Ausland wunnen. Esou wëll ee sécher goen, dass d’Persoun nach um Liewen ass an een net Suen op e Kont vun engem mëttlerweil Verstuerwenen iwwerweist.

Wann dem Lëtzebuerger Registre national awer keng Adress am Ausland vun der Persoun bekannt ass, da kann dësen de Bréif net kréien an et gëtt keng Pensioun méi iwwerwisen.

Seng nei Auslandsadress unzeginn, wann ee sech zu Lëtzebuerg op enger Gemeng definitiv ofmellt, ass also net vu Muttwëll, mä am perséinlechen Interessi vun de concernéierte Persounen.

Back to Top
CIM LOGO