Kandidatur fir den 12. JuniDe Lex Delles wëll DP-President ginn

RTL Lëtzebuerg
De Mëttelstands- an Tourismusminister huet op de sozialen Netzwierker matgedeelt, datt hie seng Kandidatur fir d'Parteipresidence stellt.
© RTL Archivbild

Hie wier an der DP “schonn als klengen Däbbes” grouss ginn an d’Wäerter, déi d’DP vertrëtt, hätten hie säi ganzt Liewe gepräägt. Dowéinst wéilt hien dozou bäidroen, weider Léisunge fir d’Erausfuerderunge vum Land wéi zum Beispill de Klimaschutz ze fannen, sou de Lex Delles am RTL-Interview. D’Joer virum grousse Waljoer, mat Gemengen- a Chamberwalen 2023, géing et elo drëm goen, Propositioune programmatesch auszeschaffen. Wann de Minister als neien DP-Parteipresident gewielt gëtt, iwwerhëlt hien d’Successioun vun der Corinne Cahen - setzt de Lex Delles op Kontinuitéit oder op säin eegene Styl? “Ech mengen, dass d’Madamm Cahen decidéiert huet, net méi ze kandidéieren, jiddwereen huet säin eegene Styl, jiddwereen huet seng Manéier, fir ze schaffen, et gëllt hei net per force Saachen op d’Kopp ze geheien, et gëllt hei d’Partei weider ze bréngen.”

Elo kommt der aus enger Zäit, wou et an deene leschte Joren awer e puer Momenter gouf, wou prominent Membere vun Ärer Partei staark an der Kritik stoungen, notamment d’Corinne Cahen, och de Xavier Bettel, mengt Dir, dass dat Ärer Partei geschuet huet, elo och wéi der sot, mat Bléck op d’Walen, a wat wëllt Dir maachen, fir aus deem schlechten Image, deen do zum Deel opkomm ass, eraus ze kommen?

Also ech mengen, dass d’Partei ganz gutt do steet, ech mengen, dass et drëms geet, eis hei programmatesch opzestellen, mir hu ganz vill Memberen, mir hu ganz gutt Sektiounen, déi alleguer mateneen ze verbannen, zesummen an d’Zukunft ze kucken an eis programmatesch do opzestellen.”

Esouwäit de Lex Delles um Mikro vum Fanny Kinsch. Ob et nieft him nach aner Kandidature gi fir d’Parteipresidence, wosst de Mëttelstands- an Tourismusminister net.

Déi aktuell Parteicheffin Corinne Cahen hat jo wësse gedoen, datt si net méi un der Parteispëtzt wëll bleiwen.

De Kongress vun de Liberalen ass den 12. Juni.

Back to Top
CIM LOGO