Beim LISER hat een an d’Maison des Sciences Humaines um Campus Belval invitéiert, fir de Rapport vum leschte Joer ze presentéieren. 2022 huet den Héichschoul- a Fuerschungsministère d’Aarbecht vum Fuerschungsinstitut evaluéiert. De Bilan fält positiv aus, déi wëssenschaftlech Qualitéit wier signifikant an d’Luucht gaangen. ma och dee sozialen Impakt hätt sech verstäerkt. Mat Bléck op Lëtzebuerg falen dem LISER no eng Partie Inegalitéiten op, déi ëmmer méi grouss ginn. Virun deem Hannergrond a well de finanzielle Spillraum vum Staat an Zukunft éischter méi kleng dierft ginn, bräicht et genee Donnéeën, fir d’Politik vu muer ze gestalten.
Aline Muller (Direktesch LISER): “Dofir ass et och wichteg fir eis, d’Politiker, d’Regierung ze informéieren iwwert Politicken, déi vläicht méi cibléiert sinn, méi effikass sinn. Am Moment gesi mer, datt verschidde Sozialpoliticken zimmlech breet verstreet sinn. An der Zukunft, wann ee méi mat manner muss maachen, menge mir, datt effektiv méi cibléiert, präzis Politicke méi effikass wäerte si fir eist Land duerch d’Zukunft ze bréngen.”
De LISER besteet aus 6 Departementer, déi sech mat den Themen Aarbechtsmarché, Gesondheet, grenziwwerschreidend Projeten, Liewenskonditiounen, urban Entwécklung a Mobilitéit an informatesche Systemer beschäftegen. Wat d’Mobilitéit an den Urbanismus ugeet, géing zu Lëtzebuerg ze vill op den Auto gesat ginn. Ma fir ee Wiessel ze erreechen, bräicht et déi néideg Infrastrukturen. Doriwwer eraus dierfte Projeten net vun uewen erof ëmgesat ginn.
Martin Dijst (Responsabel Uran Development&Mobility Department)
“All d’Interessegruppen, d’Autoritéiten, d’Fuerscher, déi privat Entreprisen a virun allem d’Awunner musse sech zesummesetzen, fir besser ze verstoen, wat de Problem ass a Léisungen ze fannen. Fir Léisungen ze fannen, teste mer. Mir hunn do eis Modeller awer schaffen och mat virtueller Realitéit, wou mer ländlech an urban Landschaften nostellen.”
Fir d’Zukunft dierften d’Erausfuerderunge fir de LISER net méi kleng ginn. Virun allem d’Digitaliséierung géing dozou féieren, datt ëmmer méi Donnéeën am Ëmlaf sinn. Dat géing engersäits een enormt Potenzial bidden, anerersäits mat Bléck op den Triage awer och eng grouss Erausfuerderung duerstellen.