De Poste vum Luc FriedenDe Marcel Leyers soll neie BIL-President ginn

RTL Lëtzebuerg
De Marcel Leyers ass zanter 1983 bei der BIL an ass aktuell Direkter vun der Lëtzebuerger Bank, déi zu 90% der chineesescher Legend Holding gehéiert.

Bei der BIL soll de Marcel Leyers de Presidenteposte vum Luc Frieden iwwerhuelen, sou Reporter.lu e Mëttwoch. De Luc Frieden geet jo als Spëtzekandidat fir d’CSV an d’Chamberwale vum 8. Oktober a muss dowéinst seng Mandater ofginn.

De Marcel Leyers ass zanter 1983 bei der BIL an ass aktuell Direkter vun der Lëtzebuerger Bank, déi zu 90% der chineesescher Legend Holding gehéiert. Hie géing wéi et heescht awer net direkt President ginn, well nach puer Chantieren ewéi d’nei informatesch Systemer sollen als éischt ofgeschloss ginn. Am Abrëll géing de Luc Frieden säi Posten ofginn, sou Reporter.lu weider. Als Interim géing de Jing Li d’Presidence iwwerhuele bis de Marcel Leyers gréng Luucht och vun der EZB kritt.

De Luc Frieden hat virun engem Joer seng Aktionäre genervt ewéi hien e Verkaf vun de Luxair-Parte vun der BIL an Aussiicht gestallt hat. De Marcel Leyers huet deemools dem Luc Frieden ëffentlech widdersprach.

Back to Top
CIM LOGO