RIPDe Mario Castegnaro ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Mam Doud vum LSAP-Politiker a Gewerkschaftler verléiert Lëtzebuerg e Politiker, dee sech wärend senge Chargen/Mandater fir sozial Gerechtegkeet agesat huet
© RTL-Archiv

Den eelere Brudder vum laangjäregen OGBL-President John Castegnaro ass ewell virun enger Woch am Alter vun 82 Joer verscheet.

De gebiertegen Déifferdenger war ënnert anerem Direkter vun der deemoleger Chambre de travail an och Ugangs den 90er President vum Conseil économique et social.

Iwwer 2 Joerzéngte war de Mario Castegnaro och an der ULC aktiv, dat ënnert anerem als Generalsekretär an duerno bis 2009 als President.

Fir d’LSAP war de Politiker och an d’Chamber gewielt ginn an zu Déifferdeng am Gemengerot aktiv.

D’Déifferdenger LSAP-Sektioun schreift vun engem Komerod, dee sech iwwer laang Joren onermiddlech fir seng Stad a seng Sektioun agesat hätt.

Back to Top
CIM LOGO