Däitschsproocheg Gemeinschaft an der BelschDe Ministerpresident Oliver Paasch ass op Visitt zu Lëtzbuerg

Marc Hoscheid
De Ministerpresident vun der däitschsproocheger Gemeinschaft an der Belsch, Oliver Paasch, war e Méindeg op Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.
© SIP / Emmanuel Claude

Den Oliver Paasch op Visite zu Lëtzebuerg / Marc Hoscheid

Um Programm stoung eng Entrevue mam Premier Xavier Bettel a mam Minister fir d’Groussregioun Max Hahn. Bei där Geleeënheet huet de Xavier Bettel dem Oliver Paasch d’Médaille de commandeur de l’ordre de la Couronne de chêne fir säin Engagement ëm déi bilateral Relatiounen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg iwwerreecht. Dernieft goufen eng Rëtsch Sujeten diskutéiert, dorënner de Probleem vum Geoblocking a méiglech Piste fir Medezinsstudenten den Zougank zum Studium an deem jeeweils anere Land ze vereinfachen. De Xavier Bettel huet och nach eng Kéier Merci dofir gesot, datt d’Belsch d’Grenze wärend der Corona-Pandemie, anescht wéi Däitschland, net zougemaach huet.

All Dag komme ronn 5.000 Leit aus dem däitschsproochegen Oste vun der Belsch op Lëtzebuerg schaffen. Aus Däitschland a Frankräich ass et jo schonn zanter Längerem d’Fuerderung, datt de Grand-Duché Kompensatioune fir déi vill Grenzpendler bezuele soll. Dat gëllt och fir d’Belsch, ma den Oliver Paasch huet awer éischter roueg Téin ugeschloen.

Den Oliver Paasch iwwert d’Kompensatioune fir déi belsch Frontalieren

“Es gibt die Forderung und sie ist teilweise erfüllt, denn es gibt Abkommen, die zwischen Belgien und Luxemburg geschlossen wurden und die den ostbelgischen Gemeinden durchaus zu Gute kommen, es hat da auch vor nicht allzu langer Zeit eine Verbesserung gegeben. Es gibt also bereits Ausgleichzahlungen. Ich verhehle nicht, dass das ganze Thema der Grenzgänger ein, wie nennt man das, ein zweigleisiges, oder so ähnlich, Schwert ist, beziehungsweise zwei Seiten einer Medaille enthält.”

Engersäits géingen d’Grenzgänger zu Lëtzebuerg dacks net schlecht verdéngen an déi Kafkraaft kéim dann der Belsch zegutt. Anerersäits géing et am Oste vun der Belsch awer och un Aarbechtskräfte feelen. Dowéinst wier et wichteg, am Dialog ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO