
Nodeem sech den Député-Maire Felix Eischen wéinst engem Burnout-Traitement vu senger kommunaler Responsabilitéit als Kielener Buergermeeschter zeréckgezunn huet, ass och de Posten als CSV Generalsekreatär vakant.
Am Interim gëtt déi Charge vum Deputéierten Paul Galles iwwerholl, dee bis ewell Adjoint war.
De 17. Oktober da gëtt op engem virtuellen Nationalkongress en neien Generalsekretär vun den Nationaldeleguéierte gewielt. Op eis Nofro hin, sot de Paul Galles, datt hien et nach net wéisst, op hie seng Kandidatur wäert stellen.
Déi aner aktuell Adjointe ass d’Kimi Mosel.
Et zirkuléiert awer och e weideren Numm vun enger méiglecher Kandidatin fir d’Successioun vum Félix Eischen un der Säit vum President Frank Engel z’iwwerhuelen, nämlech der CSV-Stater Conseillière Elisabeth Margue.
Wann dës Politikerin sech géif dem Vott stellen a gewielt ginn, wier mat der jonker Juristin eng weider Fra nieft dem Martine Hansen op enger strategesch wichteger Positioun an der CSV.