Vum Musterschüler zum Bremser? Déi Kritik léisst de Finanzminister Pierre Gramegna net gëllen. Datt de Grand-Duché beim multinationale Steierofkommes vun der OECD verschidden Exceptioune gefrot huet, wier normal, aner Länner hätten dat och gemaach. Sou de Minister um Méindeg de Mueren am RTL-Interview. Et wier also kee Mentalitéitswiessel. Lëtzebuerg hätt a Saache Fiskalitéit ëmmer probéiert, an der gëllener Mëtt ze bleiwen. Sou wëll een och keng Steiertauxen am eestellege Beräich erreechen. Datt den europäesche Geriichtshaff elo Rekursméiglechkeeten decidéiert huet, wann auslännesch Steierverwaltungen Informatiounen ufroen, begréisst de Lëtzebuerger Finanzminister. Et géif weisen, datt et Limitten a Saachen Transparenz muss ginn. Och d'Reegele vun de Stock-Options mussen adaptéiert ginn, fir juristesch Onsécherheeten an Abusen ze evitéieren, sou de Pierre Gramegna weider, deen iwwregens och prett ass, fir am Fall wou seng Partei, no den nächste Walen, net méi an der Regierung ass, an d'Oppositioun ze goen.
Iwwert eng kompetitiv Fiskalitéit wëll de Finanzminister dann och a sengem Dialogue Fiscal diskutéieren. Den 28. Juni an der Chambre de Commerec mat de Betriber, an de 6. Juli mat de Bierger um Campus-Belval vun der Uni.
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie géint 10 op 8 war de Finanzminister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.