Rout Kräiz reagéiert op Aussoe vum AusseministerDe Probleem vun de volle Refugiésstrukture géif net vun haut op muer kommen

Jeannot Ries
"An de Strukture vum Office National de l'Accueil si just nach ronn 70 Better fräi", esou en alarméierten Immigratiounsminister e Freideg virun der Press.
Rout Kräiz reagéiert op Aussoe vum Ausseminister
De Probleem vun de volle Refugiésstrukture géif net vun haut op muer kommen

E Méindeg, wann d’Büroe vum Service des réfugiés hir Dieren nom Weekend nees opmaachen, wäerten et nach manner Plaze sinn. E Sonndeg stounge scho Migrante virun der Dier ze waarden.

“Datt grad ëm dës Joreszäit méi Leit ukommen, ass eigentlech net esou aussergewéinlech.” erkläert d’Nadine Conrardy vum Roude Kräiz. Si këmmert sech zanter ronn 20 Joer ëm Flüchtlingen.

“Ech géing elo net onbedéngt soen, datt et e Pick ass. Et gesäit een eben, datt et steigt, an an d’Luucht geet. Et gesäit een, wat an der Welt iwwerall passéiert. Sou datt een aschätze kann, datt et an den nächste Méint warscheinlech net besser gëtt. Et ass elo wéi gesot och eben dës Joreszäit, wou et net ontypesch ass, datt der bësse méi kommen, wéi déi Méint virdrun.”

Fir d’Nadine Conrardy gëtt et keen Iwwerraschungseffekt, datt d’Zeltstad ‘“Tony Rollmann’” um Kierchbierg, ëm des Joreszäit esou gutt wéi voll ass. Eleng hei ass Plaz fir eng 600 Leit, déi hei zu Lëtzebuerg frësch ukommen. Et hätt ee gesinn, datt d’Zuelen iwwer déi lescht Méint erop gaange sinn. D’lescht Joer ëm des Joreszäit, wiere souguer méi Leit op Lëtzebuerg komm. De Problem, datt déi 68 Strukturen iwwer Land, mat eppes iwwer 7.700 Better, generell voll sinn, kéim och net vun Haut op Muer.

“Den Haaptprobleem an de Strukturen ass deen, datt ganz vill Leit, déi de Statut hunn, déi wou decidéiert gouf, datt se kënnen hei bleiwen, well se eng Protektioun brauchen, datt déi einfach kéng Wunneng fannen. Ech mengen et ass bekannt hei zu Lëtzebuerg, datt de Logement e grousse Problem ass. An dat ass genau d’selwecht fir déi Leit, déi eben elo hei sinn an de Statut hunn. Ech mengen, den Här Ausseminister hat et och gesot. Et sinn 2.100 Leit, déi an de Strukture sinn. Bei eis wäerten et der eng knapp 900 sinn, déi de Statut hunn an déi einfach keng Wunneng fannen. An dofir an deene Strukturen hänke bleiwen.”

Dee Réckstau ass den Ursprong vum Problem, deen elo Konsequenzen bis bei den Accueil vun neie Refugiéen huet. Et ass och dowéinst dass eng Ruine wéi de Foyer Don Bosco um Lampertsbierg, wou et emol kee Sanitäre am Gebai selwer méi gëtt, elo net wéi geplangt Enn November kann definitiv zougemaach ginn. E Gebai wat viru 6 Joer hätt sollen ofgerappt ginn. Och provisoresch Halen zu Miersch, mussen opbleiwen.

An d’Autoritéite ginn nach méi wäit. Kuerzfristeg gi vulnerabel Leit a Famillje mat Kanner prioritär opgeholl. Männer, déi eleng reesen a schonn an engem anere Land eng Asyl-Demande gestallt hunn, kommen op eng Waardelëscht. Am Kloertext bedeit dat: D’Gefor gëtt reell, datt banne kuerzer Zäit, wëll Zeltlager mat Migranten hei zu Lëtzebuerg entstinn, sou wéi dat schonn am Ausland de Fall ass. Der Caritas an dem Roude Kräiz mécht déi Perspektive grouss Suergen.

“Ech mengen dat ass schonn eng ganz schwiereg Decisioun, déi do geholl gouf. Ech schaffen elo bal 20 Joer an deem Beräich, wou mer dat u sech nach net haten. Dat d’Leit net méi konnten an den Accueil erakommen. Mir mierken elo schonn, datt den ONA d’Schrauf an deene leschte Méint ugezunn huet, datt se virdrun e bësschen eng Brems ageluecht hunn. An och de Leit éischter gesot hunn, dat se d’Foyere misste verloossen. Mir mierken och däitlech an eise Strukture vum Sans-Abris oder och d’Kolleege vun deenen aneren Organisatiounen, soen dat selwecht, datt einfach méi Leit op de Stroosse sinn. An ech denken, datt dat mat där neier Decisioun, datt dat eigentlech just nach schlëmmer gëtt.” sou d’Nadine Conrardy vum Roude Kräiz weider.

Do komme ganz schwéier Entscheedungen op Organisatioune wéi d’Rout Kräiz oder d’Caritas duer. Kënne Caritas a Croix-Rouge deene Leit hëllefen? Waarm Zoppen ausdeelen? Schloofsäck verdeelen? Guer net dervun ze schwätzen, datt dee ganz dacks néidege psycho-soziaalen Encadrement net zustane kënnt.

Am Raum steet den Ament och d’Fro, ob d’Decisioun, Männer déi eleng reesen, op Waardelëschten ze setzen, dee wuel bei den Autoritéiten am Hannerkapp erhofften Effekt erreecht, datt effektiv manner Männer, de Wee op Lëtzebuerg aschloen?

Back to Top
CIM LOGO