Invité am Journal op RTL Télé LëtzebuergDe Professer Dokter Paul Wilmes vun der Covid-19-Task-Force

RTL Lëtzebuerg
"Et ass nach ze fréi fir kënnen ze soen, ob d'Moossnamen, déi a Kraaft sinn, fir d'Infektiounszuelen mam Coronavirus erof ze drécken, gräifen oder net."
De Professer Paul Wilmes am Interview
Previsiounen ze maachen, ass den Ament schwiereg, seet de Spriecher vun der Covid-19-Task-Force.

Dat sot de Professer Dokter Paul Wilmes vun der Covid-19-Task-Force am Interview op Télé Lëtzebuerg.
Trotz den aktuelle Moossnamen, déi elo zënter 12 Deeg gëllen, bleiwen d'Zuele stabel. Et ass esouguer eng liicht Tendenz no uewen z'erkennen, wann een den effektive Reproduktiounstaux kuckt, esou de Paul Wilmes. Deen Taux louch déi lescht Woch bei 1, déi Woch virdrun bei 0,94.

Bësse méi optimistesch wier d'Situatioun, wann een d'Wäerter vun de Kläranlage géif kucken. Déi wieren zwar nach ëmmer méi héich, wéi am Mäerz/Abrëll, mä iwwert déi lescht Woch hätt een eng liicht Baisse kënne feststellen.
Fir méi kloer ze gesinn, esou de Paul Wilmes misst een awer bis zu zwou Wochen waarden, fir kënnen ze soen, ob d'Moossname gräifen oder net.

Wéi geet et virun?

Um Mëttwoch ass d'Regierung zesummen, fir driwwer ze diskutéieren, wéi et nom hallwen Dezember viru geet. Dat heescht ob déi aktuell Mesuren verlängert ginn oder net. Am Nomëtteg ass e Briefing op deem d'Presse dann informéiert gëtt.
De Professer Dokter Wilmes huet ënnerstrach, datt d'Zuel vun den neien Infektiounen den Ament nach ëmmer relativ héich ass. Senger Meenung no missten d'Zuele fir d'éischt eng Kéier richteg erofgoen, ier een erëm manner streng Moossnamen kann decidéieren.

Fir d'Feierdeeg gëllt dat selwecht wéi op all deenen aneren Deeg.
"Wat ee méi sozial Kontakter an der Populatioun huet, wat de Virus sech méi ausbreet", seet de Paul Wilmes.
Hie verweist op d'Zuel vun den Infektiounen a Kanada an an den USA no Thanksgiving. Op béide Plaze sinn d'Chifferen eng Woch no dësem Fest an d'Luucht gaangen.

Vertrauen an d'Impfung

De Professer Dokter Wilmes seet als Wëssenschaftler géif hien drop vertrauen, datt de Vaccin, wann e bis zougelooss ass, och sécher ass. Hie wëll sech esou séier wéi méiglech dofir och selwer impfe loossen. Wéi séier d'Impfung d'Zuel vun den neien Infektiounen no ënne kann drécken, dat géif vun e puer Facteuren ofhänken. Virop dovunner, wéi séier wéi vill Leit geimpft ginn an da bléif och nach ze klären, wéi séier sech de Vaccin op d'Transmissioun an der Bevëlkerung auswierkt.

Artikel: Covid-19-Task-Force: Situatioun huet sech stabiliséiert, mä et gëtt keng wierklech Entspanung

Back to Top
CIM LOGO