De Staat muss säi Rimm méi enk zoumaachen, net d'Bierger. Lëtzebuerg däerf sech net op sengem Wuelstand ausrouen. Dat si just e puer vun de ville Messagë vum CSV-Deputéierten a Finanzschäffen an der Stad, de Laurent Mosar, op senge soziale Reseauen. Hien ass Member vun der CSV-DP Majoritéit op nationalem an DP-CSV op kommunalem Niveau an der Stad.
Mir froen hien, wat hie sech vu senger Partei a Punkto Astellungspolitik a Gehälteraccord beim Staat erwaart. Donieft, wéi Lëtzebuerg ka méi wirtschaftlech wuessen a gläichzäiteg de Wunnraum dofir hunn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.