
De Ronnen Dësch positionéiert sech dann och en vue vun de Chamberwalen am Oktober. Zesumme mat Acteure wéi der Caritas, der ASTI, dem CLAE, dem CID Fraen an Gender, dem Mouveco oder nach dem Votum Klima huet een am Hibléck op den 8. Oktober sougenannte Walpréifsteng fixéiert.
D’Biergerinitiativ gesäit dës Walpréifsteng allerdéngs net als Propaganda fir dës oder déi Partei. Et soll also keng Recommandatioun en vue vun enger konkreter Decisioun sinn, mä eng Zort Guide fir sech mam politesche Contenu auserneenzesetzen.
D’Zil wier eng gerecht an equitabel Gesellschaft. Um Wee dohi geet et ëm Etappe wéi abordabele Wunnraum, Kontroll vun de Loyeren, eng Brems géint Spekulatioun, Changementer beim REVIS, méi cibléiert Hëllefe fir Stéit mat niddregem Akommes, eng sozial gerecht Steierpolitik, e besseren Accès bei der Santé, d’Lutte géint Diskriminatioun oder nach eng méi sensibel Approche a Saache Gender.
Parallel wëll een eng wierdeg Asylpolitik, ee bessert Regulariséiere vu Leit ouni Openthaltsgeneemegung oder nach d’Frontalieren an hir Famillje mat a Consideratioun huelen.
Weider Stéchwierder sinn d’nohalteg Entwécklung, eng gerecht Klimapolitik oder nach eng nohalteg Sozial- a Wirtschaftspolitik, wou et net nëmmen ëm d’Course no Wuesstem geet.
Detailer fënnt een ënnert anerem op “ronnendesch.lu”