
Dat seet de President vum Konsumenteschutz, an engem Interview mam Tageblatt. Domadder mengt den Nico Hoffmann déi momentan Mesuren an de Supermarchéen, an d’Diskussioun ronderëm d’Fro:
"Wéi eng Wuere gëllen als essentiell, a wéi eng net, a mécht dat iwwerhaapt Sënn?"
Et wier fir de Client schwéier nozevollzéien, firwat een den Ament verschidde Saache géif ze kafe kréien, anerer dogéint net.
Den Nico Hoffmann freet sech och, firwat de kleng lokale Commerce net dierft ophunn, wou sanitär Mesurë gutt ëmgesat kéinte ginn, a sech forcement manner Leit beienee géife versammelen. Déi Commerçantë géifen hei ferme bestrooft ginn.
Hie wier kee Géigner vun der Regierung a géif och de Virus net leegnen, mä kritesch Froe missten erlaabt sinn, seet de President vun der ULC. D’Leit géife Mesuren nämlech just matdroen, déi se och verstinn a kënnen novollzéien.