Aarbechten zu EechDe Schantje schuet dem Commerce

Maxime Gillen
Stau a vill Verkéier ass een zu Eech jo gewinnt. Ma elo ass e méintelaange Chantier dobäi komm.
VIDEO: Eech: Chantier schuet dem Commerce
Stau a vill Verkéier ass een zu Eech jo gewinnt. Ma elo ass e méintelaange Chantier dobäikomm.

Dëse Chantier stellt d'Geschäftsleit aus dem Quartier virun eng grouss Erausfuerderung. Eleng d'Annonce vum Chantier hätt d'Clienten ofgeschreckt. A wärend déi eng hir Dieren ee fir alle Mol zougemaach hunn, struewelen déi aner weider.

Ronn dräi Méint ass en elo am Gaangen, de Mega-Chantier op der Eecher Plaz. Hei mussen ënnert anerem nei Stroum-, Gas-, Waasser- an Internetleitunge geluecht ginn an dat méiglechst ouni den Trafic op där Plaz ze vill ze behënneren. Ofgesi vum Beruffsverkéier schéngt et op der Place Dargent den Ament och nach relativ gutt ze rullen.

"C'est un petit peu plus serré. C'est un petit peu plus lent. Mais on arrive quand même toujours à circuler sans trop de difficultés." esou de Jérôme Fichou, de Gerant vum Restaurant Sapori. Trotzdeem géife sech d'Leit méi schwéier doen, fir extra dohin ze kommen.

Zoumaachen, kënnegen

D'Arlette Hinterscheid huet mat hirem Betrib schonn eng Rei Chantieren an der Ëmgéigend iwwerstanen. Ma dëse war elo een ze vill. A sou huet si no 18 Joer déi schwéier Decisioun getraff, hiert Geschäft ee fir alle Mol zouzemaachen.

"Stroossen, déi gespaart sinn. Clienten, déi sech zwar nach Méi ginn, fir bei Iech ze kommen, mä déi awer och e Choix hunn an och anzwousch anescht kënne goen. Dat ass absolut verständlech an dat mécht dat Ganzt aus, dass een esou eng Decisioun muss huelen. Dir musst jo awer är Paie bezuelen, är Fraise lafe weider. Et geet net, dass dir do sot, et kënnt kee Client also bezuelen ech och näischt. Dat geet jo net", erkläert d'Arlette Hinterscheid, d'Grënnerin vum Restaurant Gourmandises permises.

Dofir huet si hire véier Mataarbechter misse kënnegen. Bei Wäitem dee schwéierste Schrëtt fir d'Geschäftsfra.

Einfach manner Leit

A genee dat ass och déi gréisste Suerg vun de Gerantë vun de Restaurante La Mirabelle a Sapori. Zesumme sinn do 31 Leit engagéiert. Ma grad iwwer Mëtteg kéimen den Ament einfach manner Leit.

"Nous faisons partie de restaurants avec une clientèle d'habitués surtout et c'est vrai que par rapport à l'accessibilité, qui somme toute n'est pas si dramatique que ça, on lutte pour remplir nos établissements", seet den Dominique Colaianni, de Gerant vum Restaurant La Mirabelle. Alles an allem wieren dat Abousse vu ronn 30 Prozent.

Wéinst dem Chantier goufen iwwerdeems eng ganz Rei Parkplaze blockéiert, ënnert anerem, fir Maschinnen a Material ze stockéieren. Déi feelen natierlech fir d'Clienten. Dowéinst hunn déi zwee Restaurateure kuerzerhand eng 35 Parkplaze vis-à-vis nieft engem Gebai gelount, dat den Ament eidel steet. Si hoffen, dass doduerch - trotz Chantier - erëm e puer méi Leit de Wee op d'Eecher Plaz fannen.

Back to Top
CIM LOGO