UewermaartelengDe Schifer war fréier déi zweetgréissten Industriebranche zu Lëtzebuerg

Anne Wolff
Vu Juli u gëtt d'Geschicht ronderëm d'Schiferextraktioun gräifbar, Touristen duerfen da selwer déi al Schifergrouwen entdecken.
Schifer - zweetgréissten Industriebranche zu Lëtzebuerg
Vu Juli u gëtt d’Geschicht ronderëm d’Schiferextraktioun gräifbar, Touristen duerfen da selwer déi al Schifergrouwen entdecken.

Fir dat méiglech ze maachen, war e groussen Opwand néideg.
Den Agang fir déi al Schifergrouf Johanna läit um Site vum Uewermaartelenger Schifermusée un der belscher Grenz. Bis 42 Meter déif geet et ënnert de Buedem, 7 Kummere gëtt et ze visitéieren.

D’Doris Thilmany ass d’Administratrice vum Musée. Hir war et wichteg, déi schwéier Aarbechtskonditiounen erliefbar ze maachen:

“D’Leit hunn hei hir Mëttespaus ënnert dem Buedem verbruecht, dofir hu mir Touninstallatiounen ageriicht. Sou kann een den Aarbechter nolauschteren, wa se iwwert hiert Liewen, hir Kanner an d’Aarbecht hei ënne schwätzen.”

D’Uewermaartelenger Schiferminn ass eng vun den déifsten touristesche Sitten an Europa. Laang stoung se ënner Waasser. Dräi Pompele sinn elo néideg, fir d’Minn dréchen ze halen, sou de Patrick Sanavia, Direkter vum Service Sites et Monuments. “Soss hätte mir hei scho laang d’Féiss naass!”

D’Schiferextraktioun war bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert eng wichteg Industriebranche fir Lëtzebuerg, 12 Millioune Leeë goufen hei pro Joer ofgebaut. Ëm 1900 hu gutt 600 Aarbechter um Site Uewermaarteleng geschafft. E kulturelle Patrimoine, dee sech de Staat eppes kaschte léisst: 12 Milliounen Euro si well an d’Revalorisatioun vum ganze Site gaangen. De Staat ass zanter 2003 Proprietär, 2010 hunn d’Aarbechten ugefaangen.

Am Juli geet d’Minn fir de Public op, ma scho vun Abrëll u kann een d’Industriegeschicht ronderëm d’Leeën am Uewermaartelenger Musée kenneléieren.

Nach méi Detailer fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vum 5minutes.

Back to Top
CIM LOGO