Nom Feier déi virlescht Woch an der Schoul zu Jonglënster beleeft sech de Schued där leschter Estimatioun no antëscht op ronn 350.000 Euro. Dat sot de Buergermeeschter Ben Ries am RTL-Interview.
De Brand selwer war kleng a séier aus. Mee de Pabeierspender war aus Plastik. Dofir gouf et relativ vill Damp an de Ben Ries seet: "De Schued ass schonn net schlecht am Verglach zu deem klenge Feierchen."
Et gouf keng Aarbechten, och soss keen technesche Probleem, dofir war relativ séier kloer, datt d'Ursaach Brandstëftung wier, erkläert de Buergermeeschter. Dat heescht, et huet een eng gestëbst an dat ass schif ausgaangen. De Ben Ries seet awer ouni Roserei: "Ech wollt awer de Fokus net do drop leeën, well ech déi Leit wëll iergendwéi schützen. Well mer hei am Fondamental a bei Kanner sinn, déi wäit mannerjäreg sinn an dofir wollt ech do éischter net all ze vill dozou soen."
D'Käschten entsti virun allem doduerch, datt muss gebotzt an desinfizéiert ginn. Do wou den Damp higezunn ass, ass alles schwaarz. An dee Knascht léisst sech net iwwerall ofwäschen. Och net vun de Schüler hire Saachen.
"Sou datt déi Saachen alleguer mussen neutraliséiert ginn. Dat heescht zerstéiert ginn am Endeffekt. Dat betrëfft alles, wat aus Stoff ass. Dat kënne Kleeder sinn, Schoulsäck an esou weider."
D'Santé huet confirméiert, datt et net anescht geet. "Dat ass natierlech net schéin, mee do ginn et och Assurancen dofir. Mir hunn d'Leit informéiert, datt mer mussen eng Opstellung maache vun hirem Verloscht, wat da gesammelt gëtt an do ass eng Assurance vum Educatiounsministère, déi dat da wäert iwwerhuelen."
Zéng vu 19 Klasse sinn ewell zeréck an hire Klassesäll. Fir déi aner gëtt dat bis d'Vakanz näischt méi, si sinn an anere Säll um Schoulcampus verdeelt. Bis d'Rentrée soll awer nees alles an der Rei sinn.