E Mëttwoch de Moie géint 9 Auer war am Jean Pierre Welter Gebai vun der Lënster Primärschoul de Feieralarm declenchéiert ginn. Grond war e Brand un engem Pabeierspender op enger Toilette am 2. Stack. Alleguer d'Schüler waren evakuéiert ginn an d'Läschaarbechte vun de Pompjeeën zimmlech séier eriwwer. Probleemer hätt awer manner d'Feier bereet, mee villméi d'Dampentwécklung, wéi eis de Buergermeeschter Ben Ries erkläert: "Mir mussen nach am Detail kucken, wat alles impaktéiert ass duerch den Damp. Mir kruten och gëschter d'Instruktioun vun der Santé, dass alles wat Stoff ass, Stoffbezuch ass, wat Kleeder sinn oder Rucksäck zum Beispill oder och Still, déi ee Stoffbezuch hunn, dass déi mussen eliminéiert ginn, do wou den Damp hikomm ass."
Datt Rucksäck, Kleeder an anert Schoulmaterial vu verschiddene Schüler elo carrement mussen ewechgeheit ginn, dierft vill Elteren net gefreet hunn. Och de Santésministère confirméiert eis op Nofro dës Mesure a preziséiert, datt ee verschidden Objeten, déi mam Damp a Kontakt komm sinn, net kéint zouverlässeg dekontaminéieren. Nieft de Schoulsäck oder Kleeder wieren dorënner och Schong, Schachtelen, Teppecher, gewësse Pabeiers- oder Kartrongsobjeten a méi. Dës Materialien hätten eng mikroskopesch kleng Struktur mat ville Poren a Faseren, sou datt Rußpartikelen an aner cheemesch Verbindungen hei déif andrénge kéinten. "Souguer no enger grëndlecher Botz oder hierkëmmlecher Wäsch ass et an der Reegel net méiglech, mat Sécherheet dës Contaminanten z'eliminéieren", esou d'Santé. Ruß géif net nëmmen aus Kuelestoffpartikele bestoen, ma och "eng komplex Mëschung aus cheemesche Substanzen" enthalen, déi bei der Verbrennung vu Plastik, Faarf an Dissolvanten entsteet. Ze grouss wier de Risk fir d'Gesondheet, besonnesch, well et hei ëm Kanner geet. Handyen, Laptoppen, Tablets, oder Brëller kéinten dogéint "no adaptéierter Prozedur" gebotzt an dekontaminéiert ginn.
De konkreete Schued am Gebai selwer wier dem Ben Ries no zwar "limitéiert", ma trotzdeem do, virun allem op der concernéierter Toilette, wou de Pabeierspender gebrannt hat. "De Plafond iwwert dem Spender ass natierlech och impaktéiert, do muss och opgemaach ginn. Mir hunn et hei mat Schued ze dinn, deen iwwerschaubar zwar ass an trotzdeem eis Zäit wäert kaschten, fir et komplett ze sanéieren".
Vue, datt d'Summervakanz virun der Dier steet, ass de Lënster Buergermeeschter awer zouversiichtlech, datt d'Botzaarbechte fir d'Rentrée komplett wäerten ofgeschloss sinn. Op kuerz Siicht kéinte vun nächstem Méindeg un op d'mannst mol am Rez-de-chaussée 10 vun 19 Klassesäll nees accessibel sinn, "mat engem klenge Bemol zwar, nämlech dass d'Lëftungsanlag am Schoulgebai nach aus ass. Dat heescht, et gëtt keng automatesch Belëftung, et muss geschafft gi mat Fënster op Kipp, respektiv d'Dieren opmaachen, fir dass normalen Duerchzuch dobannen ass, well d'Lëftungsanlag den Ament nach ausgeschalt ass bis dass déi kontrolléiert ginn ass." D'Botzaarbechten um Rez-de-Chaussée, zu deene vill Desinfizéiere gehéiert, missten heifir allerdéngs als éischt mol ofgeschloss ginn.
Well keen technesche Feeler virläit an et am betraffene Beräich och kee Chantier gouf, geet ee weiderhi vu Brandstëftung aus an d'Police hätt deementspriechend och eng Enquête lancéiert, sou de Ben Ries, deen op d'Fro, ob déi Schëlleg identifizéiert goufen, äntwert, et wier "mat Leit geschwat ginn".
Wie fir den entstanene Schued opkënnt, kéint een den Ament nach net soen. Heifir missten d'Detailer mat der Assurance gekuckt an och Expertise gemaach ginn. De Lënster Buergermeeschter hofft op alle Fall, "dass mer dës Affär awer relativ schnell kënne geléist kréien".
Och op d'Organisatioun vun der Schoul hat d'Feier en Impakt. Well verschidde Klassesäll den Ament jo nach net accessibel sinn, mussen d'Coursen op anere Plazen ofgehale ginn. Ënner anerem d'Maison Relais direkt nieft dem Schoulgebai huet hir Raimlechkeeten heifir zur Verfügung gestallt. D'Véronique Colling, Chargée de direction vun der Maison Relais zu Jonglënster erzielt, datt am éischten Ament zwar eng gewëssen Opreegung do war, een duerno awer gemeinsam Léisunge fonnt hätt: "Et koum alles anescht wéi geplangt moies. Et sinn dann natierlech awer ganz vill Kanner iergendwann heemgaangen, wou d'Eltere se ofgeholl hunn. Dat heescht, eis Organisatioun war natierlech ganz op der Kopp. Dunn huet dat awer alles gutt geklappt schlussendlech."
Luef gëtt et dann och fir d'Kanner, déi der Véronique Colling no "super kooperativ" waren, och wann de Virfall verschiddener vun hinne matgeholl hätt, "déi eng méi wéi déi aner". Dat mierken ech och op der Plaz. Wärend mengem Gespréich mat der Responsabeler vun der Maison Relais zielt ee Schüler enttäuscht, datt hie wéinst der Dampkontaminatioun och säi Panini-Stickeralbum fir d'Futtball-WM huet missen ewechgeheien.