
Dat schreiwen den LCGB an den OGBL no enger Entrevue vun der Stoltripartite, déi vun den LSAP-Ministere Fayot an Engel presidéiert gouf.
Deemno engagéiert sech d’Direktioun vum Stolgrupp fir eng 110 Milliounen Euro op de Lëtzebuerger Sitten ze investéieren. Dat ass d’Hallschent vun der globaler Enveloppe, déi bis 2025 festgehale gouf - Perspektiven, fir déi sech den LCGB felicitéiert.
Festgehale gouf och, datt d’Aarbechten um neien ArcelorMittal-Siège um Kierchbierg weiderginn an datt 2026 soll an dëst Gebai kënnen erageplënnert ginn.
Positiv och d’Confirmatioun, datt fir de Sitte Belval en neien Elektrouewe kaf gëtt an datt zu Biissen deen éischte karbonneutrale Site vun der Drotproduktioun entsteet.
Den LCGB huet eng fréier Revendicatioun widderholl, datt fir d’Schmelz op Belval soll eng nei Walz-Stroos fir Palplanche kaf ginn, fir esou d’Leader-Roll vun deem Site z’erhalen. Eng weider Fuerderung ass et, d’Atelieren zu Dummeldeng och weider an der Aktivitéit z’erhalen.
D’Cellule de Reclassement rechent iwwerdeem bis Enn 2025 mat engem Sureffectif vun engen 250 Leit - parallel sicht ArcelorMittal weider no spezialiséiertem Personal.