“85% vun eisem Energie-Kuch si Fossil-Energien. Dat muss progressiv op Null goen. Haut si 15% Stroum. Stroum wäert iergend eng Kéier 70-80% vun eisem nationalen Energie-Mix sinn. An de Rescht wäert grénge Waasserstoff sinn, dee mer zum gréissten Deel wäerten importéieren.’'
Iwwer déi 5 lescht Joer huet de Verbrauch u Stroum an de Stéit konstant zougeholl. Vun 917 GWh 2017 op 1.003 GWh 2021.
Lëtzebuerg importéiert nach 81% vu sengem Stroum. Virop iwwer zwou Haapt-Leitungen aus Däitschland. E Bléck an de Stroum-Dispatching vu Creos an et gëtt ee sech bewosst, wéi intensiv Europa Punkto Stroum vernetzt ass.
Den Ament ass alles nach oder besser nees am grénge Beräich. Den dréchene Summer, mat Bléck op d’Waasserkraaftwierker. D’Hallschent vun de franséischen Atomzentralen, déi den Ament net disponibel sinn. Eventuell Enkpäss beim Gas iwwert de Wanter. Kéint et do wierklech zum Blackout kommen?
''Et gëtt ëmmer e gewëssene Risiko fir Versuergungs-Problemer. Aktuell ass de Risiko sécherlech méi héich wéi soss. Dowéinst ass et wichteg, datt mer gutt antizipéieren an och déi verschidde Mesuren huelen, fir eis entspriechend virzebereeden an deen Zenario z’evitéieren.’' sou de Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energiefroen.
Déi nächst Méint heescht et: Stroum spueren fir d’Versuergungssécherheet. Awer och Stroum spueren, fir de Portmonnie manner ze belaaschten.
''Am Grousshandelsmaart ass et esou, datt vill Volatilitéit do ass. Eng grouss Incertitude am Stroumberäich. An de leschte Méint ass et nach emol staark eropgaangen, sou datt ee grondsätzlech muss dervun ausgoen, datt de Präis méi héich gëtt. An dat et natierlech och en Impakt op den End-Client wäert hunn.’' sou de Simeon Hagspiel weider.
Wat knapp ass, gëtt deier. Enovos rechent elo emol mat enger Hausse vu 35%.
Eng vun de Léisungen fir Drock vum Stroummaart ze huelen, ass den Ausbau vun den erneierbaren Energien. An Europa. Zu Lëtzebuerg. Photovoltaik, Wandkraaft. Ma dat geet net vun haut op muer.
''Mir importéieren 100% vun eisem Mazout, Bensin, Diesel. Mir importéieren 100% vun eisem Gas. Beim Stroum ass et esou, datt mer haut 15-18-20% jee den Deeg no zu Lëtzebuerg produzéieren. Iwwer Solar a Wand. Mir hunn iwwregens 15 Mol méi Solaranlagen gebaut am Joer 2021, wéi all déi Joren virdrun. Dëst Joer am Juli war dee beschte Solar-Mount, dee mer jee haten zu Lëtzebuerg. A mir kenne vill méi schnell viru kommen. Mir wäerten och nom Summer weider Aktioune maachen fir mat der Industrie, awer och mat de Baueren am grousse Stiel Solaranlagen ze bauen, zu Lëtzebuerg. Och bei de Wand-Anlage komme mer gutt virun.’’ sou de Minister Claude Turmes.
D’Regierung schafft och drun, den Accès zu de grousse Wand-Projeten an Nord- an Ostsee auszebauen. De Minister ass den Ament an Norwegen. Dofir mussen awer dann Héichspannungsleitunge weider verstäerkt ginn, fir de Stroum op Lëtzebuerg ze bréngen.