An Norwegen brenne Bëscher an Däitschland a Frankräich fäerten d'Baueren elo schonn e méiglechen dréchne Summer an Abéisse bei der Rekolt.
Déi lescht Deeg huet et nawell hei zu Lëtzebuerg vill gereent an och de Weekend wäert et nach weider Reenen. Waasser dat awer net méi de Wee packt bis an d’Grondwaasser. Dat kann nëmme wärend de Wanterméint ofsickeren, wa nach keng Vegetatioun do ass. De bäigeuerdenten Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Luc Zwank schwätzt vun engem defizitäre Wanter. Am Verglach zur Moyenne vum Néierschlag tëscht 1981 an 2010 war et een Defizit vun 10 Prozent.
Wann d’Quellen am Summer net genuch Waasser féieren, huet dëst een Impakt op d’Vegetatioun, esou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes. Fir dëse Summer géif et drop ukommen op et nees esou ee waarmen an dréchene gëtt wei d'lëscht Joer, wier dat de Fall misste Mesurë geholl ginn, fir de Verbrauch ze reduzéieren.
Wat d’Landwirtschaft ugeet misst een de Mount Mee ofwaarden, wann et déi nächst Woche genuch reent, hätt een am Prinzip keng Problemer. Bleift de Reen aus, kéint et Repercussiounen op d’Rekolte hunn.