Keng Brandstëftung, ma technesche ProblemDe Wantermaart bei der Gëlle Fra geet en Dënschdeg nees fir de Public op

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg kann de Maart bei der Gëlle Fra nees fir de Public opgoen, sou déi liberal Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
© RTL

D’Ermëttlungen nom Feier um Wantermaart hätte keng Hiweiser op Brandstëftung erginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch e Méindeg de Mëtteg am Stater Gemengerot. Villméi géif een vun engem technesche Feeler ausgoen, deen d’Feier ausgeléist hätt.

D’Police judicaire hätt den Terrain e Méindeg de Moie fräi ginn. En Dënschdeg kann de Maart bei der Gëlle Fra nees fir de Public opgoen, sou déi liberal Buergermeeschtesch weider. Zwee Deeg war elo zou, ebe wéinst den Ermëttlungen an Analysen.
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg war et e gréissert Feier ginn. Direkt e puer Stänn ware concernéiert.

D’Gemeng Lëtzebuerg wëll iwwerpréiwen, ob déi betraffe Forainen nei Chalete kéinten zur Verfügung gestallt kréien.

De Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg

Réouverture du “Wantermaart”

La Ville de Luxembourg tient à informer le public que, suite à l’incendie survenu dans la nuit du 10 au 11 décembre 2022, le marché de Noël de la place de la Constitution, communément appelé “Wantermaart”, accueillera le public à nouveau à partir du mardi 13 décembre 2022 selon ses horaires habituels.

Toutes les informations relatives aux Winterlights sont disponibles sur winterlights.vdl.lu.

Information communiquée par l’Administration communale

Back to Top
CIM LOGO