Eng Police-Patrull hat de Brand festgestallt, d’Pompjeeë geruff an de Beräich ofgeséchert. Duerch d’Feier sinn zwee Verkafsstänn komplett verbrannt, dräi weider Chaleten an ee Bam goufe beschiedegt. Kengem ass eppes geschitt.
De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert. Fir d’Brandursaach ze klären, gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht mat den Ermëttlunge beoptraagt.
Wéinst der Enquête huet de Wantermaart um Sonndeg missen zoubleiwen.
Fréistens e Méindeg kann d’Gemeng mat den Opraumaarbechten ufänken. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer kann dowéinst net ausschléissen, datt och um Méindeg nach de Maart bei der Gëlle Fra muss zoubleiwen.
D’Chrëschtmäert op der Plëss, op der Kinnekswiss an op der Paräisser Plaz bleiwen awer op.