Bei der Gëlle FraDe Weekend kënnt de Bauerenhaff an d'Stad
Eng Porte Ouverte emol anescht: Amplaz, dass d'Leit op de Bauerenhaff kommen, kënnt deen de Weekend bei d'Leit. An zwar direkt an d'Stad.
De Weekend kënnt de Bauerenhaff an d'Stad
Eng Porte-Ouverte emol anescht: Amplaz, dass d’Leit op de Bauerenhaff kommen, kënnt deen de Weekend bei d’Leit. An zwa
De Bauerenhaff an der Stad ass eng Initiativ vun der Landjugend a Jongbaueren asbl. E Samschdeg an e Sonndeg sinn eng Partie Stänn ronderëm Lëtzebuerger Produzenten op der Place de la Constitutioun bei der gëlle Fra opgeriicht.
Kannerprogramm, Atelieren, Showcooking mat Politiker an eng sëllegen Infostänn erwaarden een do. Et soll nämlech och dorëms goen, fir iwwert de Beruff vum Bauer ze sensibiliséieren, hir Aarbecht virzestellen an op Probleemer opmierksam maachen. Net just iwwert, mee mat de Bauere schwätzen, um Bauerenhaff an der Stad.
Den detailléierte Programm fannt dir hei.
E Samschdeg war ënnert de Presence vun den zoustännege Ministeren déi feierlech Zeremonie.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Samschdeg an der Mëttesstonn ass ënnert anerem de Luc Emering vun der Landjugend a Jongbaueren zu Gaascht am RTL-Background. Do wäert et nieft dem Bauerenhaff an der Stad awer virun allem iwwert d’Situatioun vun de Baueren an Zäite vum Ukrain-Krich goen.Éischt Andréck vun den Opriichtaarbechten
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.