Zenter dem leschte Joer gëtt de Bazar um Glacis am groussen Zelt organiséiert. D'Suen, déi erakommen, gi fir d'Jugendaarbecht vum Roude Kräiz gespent.
E Sonndeg tëscht 15 a 17 Auer kennt de Kleeschen op Besuch, an och d'Grande Duchesse huet sech fir de Bazar ugemellt. 150.000 Euro konnte déi Responsabel vum Bazar d'lescht Joer un d'Croix-Rouge als Don spenden.
De Bazar ass dëse Samschdeg a Sonndeg vun 10 bis 18 Auer.