Tëscht Esch a SchëfflengDe Wunnprojet "Metzeschmelz" hëlt Form un

Chris Meisch
Op de Frichë vun der Schmelz tëscht Esch a Schëffleng lafen d‘Preparatioune fir de Bau vum Wunnprojet "Metzeschmelz" op Héichtouren.
De Wunnprojet "Metzeschmelz" hëlt Form un
Op de Frichë vun der Schmelz tëscht Esch-Uelzecht a Schëffleng lafen d‘Preparatioune fir de Bau vum Wunnprojet „Metzeschmelz“ op Héichtouren.

Um fréieren Industriegebitt, dat iwwer 63 Hektar geet, solle bis zu 10.000 Leit kënne wunnen. De geplangte Wunnquartier soll nohaltegt Wunnen, Schaffen a Liewen op enger Plaz matenee verbannen. Wann alles no Plang leeft, kéinte fréistens Ufank 2032 déi éischt Leit an de neie Quartier plënneren.

De Wunnprojet "Metzeschmelz" hëlt Form un - Reportage Chris Meisch

Do, wou fréier d’ARBED-Héichiewen d’Landschaft markéiert hunn, soll geschwënn en neie Quartier fir Dausende Leit entstoen. 2028/29 wéilt ee gär ufänke mat Bauen. Den Ament ass een nach mat der Phas vum Ofrappen a Sanéieren amgaang, wéi d‘Marie-Josée Vidal, Presidentin vun der Entwécklungs-Gesellschaft AGORA, déi sech ëm d’Plangen an d’Ëmsetze vum Projet Metzeschmelz këmmert, erkläert.

"An der Tëschenzäit lafen d‘Planunge weider, dat heescht konkret, um Niveau vum PAP gëtt geschafft, de Concept assainissement gëtt gemaach. An am Moment ass et wierklech de Site weider botzen, depolluéieren, déi ganz Sanéierungsetappen, déi eigentlech déi éischt grouss Etapp vun der Entwécklung vun engem Site wéi deen heite sinn, virzebereeden."

Trotz all dëse Changementer soll der Geschicht vum Site Rechnung gedroe ginn. D'Firma hannert dem Projet betount deemno, datt "markant  Elementer" vun der Schmelz erhale solle bleiwen, fir dass de "Kontrast tëscht Vergaangenheet an Zukunft Deel vum Alldag" gëtt.

D'Gebitt wäert duerfir komplett transforméiert ginn, an duerch "nei Approchen an de Beräicher Mobilitéit an Energieeffizienz" versprécht sech AGORA e bis ewell "eenzegaartegt" Wunngebitt, dat, wéi de Logementsminister Claude Meisch et beschreift, ganz vill Symboler aus der Vergaangenheet vun dëser Regioun erhale soll an an den neie Wunnquartier integréiert.

"Hei baue mir och d‘Zukunft, och vun der Regioun vum Süden, nach eemol nom Belval, an natierlech ass hei vill Potential och fir ze wunnen, fir ze schaffen, fir seng Fräizäit ze verbréngen, an dat ass dat, wat den neie Süden eigentlech ausmécht an dofir steet d‘Metzeschmelz. A wat hei flott ass, et komme ganz vill Initiativen dobäi, Projeten, déi eigentlech eng Plus-value, net nëmme fir dëse Site sinn, mee och fir déi Quartiere ronderëm, déi scho bestinn, souwuel zur Schëfflenger Säit, wéi och zur Escher Säit, an dass dat eigentlech déi zwou Gemenge matenee verbënnt."

Nodeems d'Awunner aus den Nopeschgemenge mat abezu goufen, gesinn d'Pläng deemno vir, datt den Alldag gréisstendeels ouni Auto kann organiséiert ginn, duerch sougenannte "Mobility Hubs" – also Mobilitéitszenteren – déi sech ronderëm den Terrain befannen.

Wéi bei sou ville moderne Wunnprojeten ass och bei der Metzeschmelz virgesinn, datt sech d'Liewe vun den Awunner zu engem groussen Deel um Terrain selwer ofspille kann. Geplangt sinn duerfir net nëmme Butteker, Sport- a Fräizäitméiglechkeeten, mee och Schoulen, Crèchen a Maison-relaisen.

Back to Top
CIM LOGO