
Et war falsch, dass den Tribunal administrativ eng Décisioun vu Mee 2017 vun engem Gemengerot annuléiert huet, deen d'definitiv Nominatioun vun engem Mann als Gemengebeamte refuséiert hat: Dat schreift d'Cour administrative an hirem Uerteel zu enger Affär vun Nominatioun. Den Dossier misst dann och zréckzegoe bei den Tribunal administratif.
Am Abrëll 2015 war e Mann als Redakter an engem Generalsekretariat agestallt ginn, an am Mee 2017 hat hie säin Ofschlossexamen als Redakter gepackt. Nawell hat de Gemengerot eng Woch drop d'Decisioun geholl, dass de Mann keng definitiv Nominatioun als Redakter krit.
An dat, well hien net dat néidegt Wëssen an net déi néideg Kompetenzen dofir hätt. Am August 2017 war de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Déi 1. Riichter haten am Dezember d'Decisioun vum Gemengerot vu Mee 2017 annuléiert, wouropshin d'Gemeng am Januar Appell gemaach hat géint dat 1. Uerteel.
Déi zweet Riichter halen an hirem fest, dass de Gemengerot seng Decisioun op Basis vum Artikel 5 vum Statut général geholl huet; fir d'Cour administrative misst den Artikel 4 awer mat a Betruecht gezu ginn. Déi zwee zesumme geholl, léich et am Ermiesse vum Gemengerot, fir eng eventuell Refusdecisioun ze spriechen, an d'Gemengeverwaltung misst e Kandidat refuséiere kënnen, och wann dee säin Ofschlossexame gepackt huet. Den Artikel 5 vum Statut général géif eng Decisioun vum Gemengerot virgesi fir Fonctionnairen, déi en Ofschlossexame maache mussen; déi Decisioun misst motivéiert sinn, sollt et zu engem Refus kommen.
Eng Motivatioun am Refusfall géif kee Sënn maachen, wann de Gemengerot just feststelle misst, ob den Ofschlossexame gepackt gouf oder net, ouni dass sech op eng eege Motivatioun zur Stagezäit kéint beruff ginn, sou déi zweet Riichter. D'Packe vum Ofschlossexame stellt fir si nëmmen eng Virbedéngung, mä keen Automatissem am Hibléck op eng definitiv Nominatioun duer. Well eng Motivatioun vun der Refusdecisioun néideg wär, kéint de Gemengerot déi op Grond vun eegenen Elementer spriechen. D'Uerteel wär deemno um Punkt vun der Annulatioun vun der Gemengerotsdecisioun z'änneren, an d'Affär misst bei déi 1. Riichter zréckgoen, uerteelt d'Cour administrative. De Mann hätt och keng Indemnité de procédure fir déi zwou Instanzen zegutt.