Mea Culpa vum LandwirtschaftsministèreDéck Polemik iwwer Discounter-Reklamm

Roy Grotz
De Landwirtschaftsministère mécht e Mea Culpa wéinst enger Publikatioun, déi u sech gutt gemengt ass.
© Screenshot / agriculture.public.lu

Dës Publikatioun sollt hëllefen, regional-landwirtschaftlech Produite besser ze vermaarten. Et geet ëm de Magasinn "Gudd!", deen un all Stéit am Land verdeelt gëtt.

An der leschter Dezember-Editioun vun dëser gratis Publikatioun, déi ëmmerhin 255.000 Mol gedréckt gëtt, ass och eng Publicitéit vun engem groussen Discounter dran, dee sech mat "bëllege Fleeschpräisser" bretzt. Dës Reklamm huet d'Deputéiert Marc Goergen (Piraten) a Chantal Gary (Déi Gréng) op de Plang geruff, wou sech d'Deputéiert ënner anerem froen, ob d'Politik vun enger internationaler Discount-Chaîne och zur lokaler- a Bio-Politik vun der Regierung géif passen a wien esou Annoncë validéiert?

PDF: D'Äntwert op d'parlamentarsch Fro vun de Piraten.

Back to Top
CIM LOGO