Ugefaangen huet alles an den 30er Joer vum vergaangene Joerhonnert. Mat engem klenge Betrib zu Bartreng, der sougenannter Luuchtefabrik. Do si Wolframdréit produzéiert ginn, déi an d'Biren integréiert goufen. Duerch dës Dréit hunn d'Bire méi laang geliicht, well si déi grouss Hëtzt am beschten ausgehalen hunn.
Haut ass vun där klenger Firma net méi vill iwwreg. Zu Mamer gouf ugangs vun de 70er Joer e giganteschen Industriesite opgebaut. Aktuell schaffen hei zu Lëtzebuerg iwwer 1.000 Leit an der Produktioun vun den Haartmetalldeeler bei Ceratizit.
Als Basis fir den Haartmetall, deen d’Firma bekannt gemaach huet, brauch een eng ganz Rëtsch u verschiddene Stoffer. De wichtegste Bestanddeel ass de Wolfram, deen zesumme mat Cobald, engem ferromagnéiteschen Iwwergangsmetall, vermëscht gëtt. Sou entsteet de Wolframcarbid, duerch deen den Haartmetall esou widderstandsfäeg gëtt.
Mat dësem Stoff gëtt d'Produktioun vu Messeren, Walzen oder Kugelen erméiglecht, déi bal kee Verschläiss hunn. D'Hierstellung vun de genannte Géigestänn gesäit sou ass: Déi verschidden Zorten u Polver ginn an enger Press bei engem extrem héijen Drock zesummegedréckt. Aus dem Polver entsteet dann e feste Block, deen een an déi gewënschte Form brénge kann. Um Ufank vun der Produktioun sinn déi Bléck nach net haart. D'Konsistenz erënnert villméi u Kräid. Eréischt duerch de Sinterprozess verwandelt sech de Polver zu enger haarder Mass. Beim Sinteren gëtt de Polver enger héijer Temperatur an engem héijen Drock ausgesat, deen dat kräidaartegt Material sou haart wéi en Diamant mécht. Dëse Prozess féiert dozou, dass d'Haartmetall bis zu 50% vu sengem Volume verléiert. Dës Formännerung muss bei der Hierstellung onbedéngt agerechent ginn, soss ass d'Stéck duerno ze kleng. Nom Sinterprozess hunn d'Stécker hir final Form erreecht. Wa se deen Zoustand bis erreecht hunn, kënne se bal net méi beaarbecht ginn. Just nach mat ganz spezielle Diamantscheiwe kënne puer Zéngtel Millimeter fortgeschlaff ginn.
D'Haartmetall ass awer scho laang net méi den eenzege Produit, deen zu Mamer hiergestallt gëtt. Ëmmer méi wichteg ass och d’Recherche ronderëm de Sinterprozess. An do huet sech an deene leschte Jore ganz vill gedoen. D'Recherche huet dozou bäigedroen, dass net nëmme Metall ka gesintert ginn, mee och aner Produkter. Esou kann een hautzedaags esouguer Kugelen aus Siliziumnitrit maachen, dat ass eng Aart Keramik. Obwuel déi Kugelen zimlech liicht sinn, si se trotzdeem haart wéi Steen. Se gi virun allem an de Kugellager vun de Fligeren an den Helikoptere benotzt.
Dës Produite fënnt een dëser Deeg iwwerall an der Welt. Dozou gehéiere beispillsweis d'Auerenkarkasse vun exklusive Schwäizer Auremécher oder d’Burerspëtzte vun der weltbekannter Mark Hilti.
Am Grupp Ceratizit schaffen iwwer 9.000 Leit, an dat net just hei zu Lëtzebuerg, mä op bal all Kontinent. Den Know-how kënnt awer exklusiv aus dem Grand-Duché.
Deel 1: Lang’s Lights zu BäerbuergDeel 2: Euro Composites zu IechternachDeel 3: Marc Pesch sàrl zu Käerjeng